"Geheime" CasierMosar: De Parquet général huet vill Wourechte virenthalen

RTL Lëtzebuerg
D'Kontrollautoritéit vun der Justiz war e Mëttwoch bei d'Chamberkommissioune vun der Justiz a bannenzeg Sécherheet an der Verdeedegung invitéiert ginn.
© RTL Archivbild

No där Sëtzung gouf op Säite vun den Deputéierte vun engem gudden Austausch geschwat, bei deem ee vill konkret Informatiounen an Äntwerte kritt hätt.

D'Volleksvertrieder si bei hirer Meenung bliwwen, dass et zu gesetzlechen Nobesserunge misst kommen, d'Oppositioun huet iwwerdeems ervirgehuewen, dass bei der Justiz séier wuel perséinlech Recherchë kéinte gemaach ginn, soudass de Laurent Mosar vun der CSV d'Impressioun hat, "dass de Parquet général e Freideg ganz vill Wourechte virenthalen hätt."

Fir de Charel Margue vun déi Gréng, President vun der Justizkommissioun, sollt elo Rou an den Dossier kommen an no der Vakanz weider doru geschafft ginn, wann déi entspriechend Rapporte vun der Generalinspektioun vun der Police a vun der Dateschutzkommissioun virleien.
„Et war e gudden Austausch, besser wéi deen d'lescht Woch mat der Dateschutzkommissioun!“ Dat sot den Eugène Berger e Mëttwoch de Moien no enger weiderer gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberkommissioune vun der Justiz a vun der bannenzeger Sécherheet an der Justiz zum sougenannte „geheime Casier“, e Mëttwoch war d'Kontrollautoritéit vun der Justiz op Besuch am Parlament.

Chamberkommissioune geheime Casier - Rep. Eric Ewald

Dem DP-Deputéierten no hätt d'Justiz domat ugefaangen, sech konform ze maachen zum Dateschutzgesetz vun zejoert. Woubäi sech d'Fro nom Erhiewe vun Donnéeën an nom Ëmgank domat stelle géif.

D'Justiz gëtt sech also Reegelen, ma soll een hir dat iwwerloossen oder als Chamber hëllefen? D'Deputéiert wäre fir Nobesserungen, huet den Eugène Berger betount.

Dofir misste Reegele festgeluecht ginn, huet den DP-Vertrieder gemengt. Deen donieft erkläert huet, dass d'Kontrollautoritéit vun der Justiz net konkret mat deem Fall befaasst gi wär.

Fir de Roy Reding krut een de Moie ganz konkret Äntwerten, wouduerch déi eegen Ängschten awer just confirméiert gi wären.

An deem konkrete Fall wär et zu engem Zougrëff komm op eng Datebank zu engem Zweck, fir deen net hätt däerfen dorop zréckgegraff ginn, sou den ADR-Deputéierten. Wouropper och Informatioune wären, déi a sengen Aen net sollte gespäichert sinn. Et misst zu Nobesserunge kommen, an do wär e Spezialgesetz déi logesch Léisung.

Och de Charel Margue vun déi Gréng huet no der Sëtzung vun engem gudde Gespréich geschwat:

Jidderee sollt elo a sech goen, an et sollt Rou an den Dossier kommen, huet de President vun der Chamberkommissioun vun der Justiz fonnt. Et géif een op Rapporten vun der IGP an der CNPD waarden, an an den zwou bis 3 Sëtzunge vu senger Kommissioun virun der Summervakanz hätten aner Saache Prioritéit. Soudass et no der Vakanz mat dësem Sujet dierft virugoen!

Geheime Casier: Parquet général: "Falsch, fir vun enger geheimer Datebank ze schwätzen"
Geheime Casier: Keng zefridde Gesiichter no Chamberkommissioun vun der Justiz

Back to Top
CIM LOGO