De Christian Schleck ass nach guer net versat
En Donneschdeg de Moie war de Chef d'Etat Major Alain Duschène eisen Invité vun der Redaktioun.
De Christian Schleck ass nach guer net versat, ech hunn hien also net strofversat. Wat de President vun der Gewerkschaft vun der Force Publique, de Pascal Ricquier seet, ass net wouer, dowéinst hunn ech och eng Plainte géint hie gemaach, sou de Chef d'Etat Major Alain Duschène am RTL-Interview.
Hien huet op d'Reprochë reagéiert, datt de Christian Schleck, President vun der Arméigewerkschaft versat gouf, fir seng gewerkschaftlech Aarbecht ze stéieren.
"Meng Relatioun mat de Gewerkschaften ass gutt", sou de Generol Duschène weider.
Datt de Christian Schleck eng aner Plaz sollt kréien, wier normal, duerch e Rotatiounsprinzip bei bestëmmte Posten an der Arméi. Just vereenzelt Plaze géifen net ënnert dee Rotatiounsprinzip falen, Plazen wou een net einfach esou Leit kéint auswiesselen, well déi zum Beispill eng laang Formatioun dofir hu musse maachen (Service Deminage z.B.).
De Moment séiz de Christian Schleck nach net op der neier Plaz. Fir d'éischt emol huet den neien Organigramme misste vum Minister accordéiert ginn. Elo krut de Christian Schleck d'Méiglechkeet, seng Objektioune géint oder fir dës Plaz matzedeelen. Bis de 24. Dezember huet hien Zäit seng Observatioune matzedeelen. Duerno awer géifen de Chef d'Etat Major an de Minister decidéieren ob si déi unhuelen oder net.
De Chef d'Etat Major Alain Duschène ass sech sécher, datt hien nach ëmmer de Gros vun den Leit an der Arméi hannert sech huet. Dowéinst géif hien och net demissionéieren. D'Arméi géif gestäerkt aus der Affär rausgoen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.