E Méindeg de Moie war de laangjärege President vum Maartverband den Invité vun der Redaktioun.

12 Wochemäert gëtt et hei am Land mat 50 bis 55 Betriber. D'Dierfer wéilten nees d'Mäert zréck, well aner Butteker zoumaachen. An d'Leit wéilten nees méi saisonal a regional akafen. Den Niki Kirsch, President vum Maartverband, war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

No 20 Joer hält hien op op deem Posten. Säin Nofolger ass fonnt a gëtt geschwë public gemaach.

Vill jonk Leit, Famille mat Kanner, géifen haut op de Maart kommen.

D'Gewunnechte vun de Leit géifen änneren. An awer stagnéiert d’Zuel vun de Leit, déi op d’Mäert kommen.

Den Niki Kirsch ass Geméisbauer. Wiederméisseg hätt een zwee ganz extrem schlecht Joer hannert sech.

Op d'Bioziler ugeschwat, sot den Niki Kirsch, dat wär eng gutt Saach. Mä d'Politik misst de Leit erklären, datt e Biobauer 20-30% manner kéint ubauen an dat géif sech um méi deiere Präis weisen.

Invité vun der Redaktioun: Niki Kirsch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.