E Freideg war de President vun der Union des Entreprises den Invité vun der Redaktioun.

Et war ofzegesinn, dass d'Schoule géingen zoumaachen an eng kloer Kommunikatioun war wichteg fir d'Entreprisen. Mir begréissen d'Schnellegkeet mat där d'Regierung dës Mesuren annoncéiert huet. Et misst een awer och an alle Sprooche kommunizéieren, et dierft een d'Frontalieren net vergiessen. Dat wichtegst ass solidaresch ze bleiwen an zesummen ze halen. Dat sot um Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun, de Nicolas Buck, President vun der UEL.

Dës Pandemie wär engersäits eng Sanitärkris an anerersäits eng Wirtschaftskrise. Als Beispill wär et e bësse wéi wann een d'Terrorattentat 9/11, zesumme mat der Finanzkrise 2008/2009 hätt. An domat misst een elo ëmgoen.

Déi zwou Mesuren déi d'Regierung geholl huet fir der Wirtschaft ënner d'Äerm ze gräifen wiere gutt. Dorënner fält den Chômage Partiel, d'Kuerzaarbecht, déi fir all Secteur vun der Ekonomie gëllt, also vum Restaurant, bis zum Handwierker. An dann d'Aiden fir d'Liquiditéiten ze garantéieren. Fir d'Betriber, virun allem déi kleng an déi mëttelgrouss Betriber wär dat immens wichteg. De Mäerz géing elo immens schwéier ginn.

Dofir huet den Nicolas Buck nach eng weider Mesure proposéiert, änlech wéi déi di de franséischen President Emmanuel Macron geholl huet, nämlech dass d'Regierung mol fir de Mount Mäerz d'TVA, d'Cotisations sociales an d'Steiere vun deene Betriber géing astellen, respektiv suspendéieren. Eventuell dann och fir de Mount Abrëll, jee wéi d'Situatioun weidergeet, sou nach de President vun der UEL. Dës kéinten dann zu engem spéideren Ablack nobezuelt ginn.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Buck


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.