Invité vun der Redaktioun (30. Mäerz) - Paul JunckMasken, Spezial-Kleedung a Brëller fir Personal sinn ukomm

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie war de President vun der Spidolsfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

De Confinement huet ons Chance ginn, ons gutt ze preparéieren. Mir si gutt opgestallt, fir déi kritesch Deeg, déi elo kommen. Dat sot de Paul Junck, President vun der Spidolsfederatioun FHL am RTL-Interview. Hien war onsen Invité vun der Redaktioun.

Wat Personal ugeet: Do wieren Aarbechtspläng adaptéiert ginn an d'Leit däerfen elo och 12 Stonne schaffen.
Dernieft kéint een op d'Reserve sanitäre zeréckgräifen. Zanter e Sonndeg huet sech och d'Situatioun beim Material berouegt, well et wier neit d'Protektiouns-Geschier, wéi Masken, Spezial-Kleedung a Brëller, fir d' Personal ukomm, e Freiden ukomm. Et ass dat eng Liwwerung vu 700.000 Piècen gewiescht, déi via d'Cargolux aus China koum. Eng bedeitend méi grouss Liwwerung steet awer nach aus.

Den Dispatching vum Material mécht jo d'Krisecellule.

Et wier och genuch Plaz an de Spideeler geschafe ginn, fir Coronavirus-Patienten an d'Spidolsfederatioun wier gutt an déi national Krise-Cellule mat agebonnen. Dat sot den FHL-President Paul Junck, deen den Appell un d'Leit gemaach huet, d'Consigne vun der Regierung strikt ze respektéieren.

E Méindeg de Moie war de President vun der Spidolsfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO