E Méindeg de Moien ass de President vun der Unioun vun den Entreprisen eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen begréisst d'Vitesse an d'Konsequenz mat där d'Regierung der Ekonomie hëlleft, sou den Nicolas Buck, President vun der Unioun vun der UEL, am RTL-Interview.

15'000 Betriber hu chômage partiel ugefrot, et goufe scho Virementen an Héicht vu 50 Millioune gemaach.
Et wieren den Ament nach eng Rei Independanten, déi e bëssen duerch d'Raster géinge falen. D'Regierung wier sech der Problematik bewosst an hie wier zouversiichtlech, datt Léisunge géinge fonnt ginn.

Un enger Exit-Strategie géif geschafft ginn an dat wier wichteg. Et kéint een awer sécher net, vun engem Dag op deen aneren, nees alles op maachen. Et géing net ëm en Datum an d'UEL géing keng Revendicatioun stellen.

Wichteg wier, datt ee gutt preparéiert wier, fir d'Zäit no de Confinementsmesurë misst ee sech an de Betriber organiséieren, well de Virus wier jo dann nach do. Et wier kee Sprint, mä e Marathon.

Den Nicolas Buck seet sech iwwerzeegt, datt d'Regierung an hier Santés-Experten déi richteg Decisioun huelen, dat awer am Dialog mat den Entreprisen.

Déi sanitär Kris wier am gaange sech ze wandelen, elo wier een an der Wirtschaftskris ukomm, d'Rezessioun wier do.
Déi grouss Fro wier déi, wat den Impakt op d'Staatsfinanze wier.

D’Zuel vun de Krankschreiwunge wier leider explodéiert, seet den Nicolas Buck a betount, datt d’CNS elo déi Kaschte ganz géing iwwerhuelen.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Buck

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.