E Freideg de Moie war de Weibëschof a Generalvikar eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir probéieren dat Bescht draus ze maachen. Den eenzele Gleewegen ass elo méi gefuerdert, seet de Leo Wagener, Weibëschof a Generalvikar vun der Kathoulescher Kierch. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
 
Ouschteren an der gewinnter Form fält dëst Joer aus. Ënner anerem ginn elo fir d'Ouschterdeeg Livestreamen aus der Kathedral organiséiert.

D'Massendénger sinn opgeruff vun doheem aus ze klibberen, se kéinten zum Beispill virun d'Dir goen oder op de Balcon.  
Vill Pore wieren dëser Deeg iwwer Email oder sozial Netzwierker a Kontakt mat de Gleewegen.

D'Oktav wäert digital sinn.

Wéini Kommuniounen an Hochzäiten nogeholl kënne ginn, kéint een elo net soen, ma datumsméisseg géing et do awer éischter Richtung Hierscht goen.  
 
Datt den Ament Leit eleng stierwen, dat wier ganz schlëmm. Et misst eigentlech e Recht sinn, datt een an esou enger Situatioun net eleng ass.

Zu Dikrech gouf et Diskussioune well de Paschtouer trotz Confinementsmesurë virun der Kierch Zeremonien ofgehalen hat. Dat sollt een net iwwerbewäerten, esou de Leo Wagener. De Paschtouer hätt do gebiet, et wieren net vill Leit do gewiescht an déi hätten d'Distanzen agehalen. De Bistum hätt dem Concernéierten ze verstoe ginn, datt ëffentlech Gebieder oder Gottesdéngschter den Ament ënnersot sinn an de Paschtouer géing sech och elo dodrun halen.

D'Kierch engagéiert sech och den Ament. Zum Beispill ginn Ekippe fir Leit akafen oder verdeele bei vulnerabele Leit Masken, sou de Weibëschof a Generalvikar.

Déi aktuell Kris hätt en Impakt op d'Gesellschaft. Den Ament op alle Fall wier dat relationellt méi wichteg wéi dat materiellt.

Invité vun der Redaktioun: Leo Wagener

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.