E Mëttwoch de Moie war d'Educatrice vun der Stëmm vun der Strooss eis Invitée vun der Redaktioun.

Eis Aarbecht ass am Fong komplett duerchernee gehäit ginn. Dat sot d’Noémie Maertz e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass Educatrice graduée bei der Stëmm vun der Strooss.

De 16. Mäerz hätt een all d'Servicer zougemaach, bis op d’Restauratioun, wou d'Iessen dunn dobausse mat Barquettë verdeelt gouf, wat deelweis am Quartier fir Knascht an deemno Onmut bei de Bierger gesuergt huet. Mer hunn e bëssen Zäit gebraucht, fir ze kucken, wéi mer déi aner Servicer alleguer an engem séchere Kader nees kënnen ubidden, sou d'Educatrice. Zanter Mëtt Mee huet een nees ugefaangen, all d'Servicer unzebidden.

Zanter Mëtt Juli leeft de Restauratioun-Service zu Esch an Hollerech nees bal normal, mä elo an engem Roulement, an ënnert de gängege Sécherheetsmesuren. D’Leit hunn dofir just nach 25 Minutten Zäit, hir Moolzecht zou sech ze huelen.
Doduerch wären och laang Schlaange virun der Dier entstanen an dat wier besonnesch elo wärend der Canicule e Problem gewiescht. Ronn 300 Moolzechte ginn am Schnëtt zu Hollerech verdeelt an 80 zu Esch. Am Summer awer ëmmer manner wéi soss.

D’Stëmm vun der Strooss ass jo deels mam Santésministère konventionéiert, ass awer och op Donen ugewisen. Dat wier iwwerdeems gutt gelaf an de leschte Méint. Vill Leit hätte sech dem Noémie Maertz no solidaresch gewisen.

Invité vun der Redaktioun: Noémie Maertz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.