En Donneschdeg war de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Resumé vum Invité vun der Redaktioun: Jo Studer

D'Jeeërfederatioun versteet d'Verbuet vun der Klappjuegd net.

De Vizepresident Jo Studer war en Donneschdeg de Moien Invité vun der Redaktioun. D'Juegd ass a sengen Aen keng Fräizäitaktivitéit a sollt net aus Covid-Grënn verbuede sinn.  Et hätt een e Schéissplang anzehalen an do wieren d'Klappjuegten am Dezember e wichtege Bestanddeel.

D'Jeeërfederatioun ass guer net dermat averstanen, datt d'Klappjuegd elo am Deel-Lockdown verbueden ass. 40 bis 50% kéint een esou manner bei de Schwäin intervenéieren.

Extrait Jo Studer

D'Jeeër fäerte vill Wëldschued an datt se um Fleesch sëtze bleiwen. D'Federatioun Saint-Hubert iwwerpréift fir rechtlech Schrëtt an d'Weeër ze leeden. Et hätt een der Santé en Hygièneskonzept presentéiert, senges Wëssens wieren et an de leschte Wochen op Klappjuegte och keng gréisser Tëschefäll ginn, sou de Jeeërvertrieder.

D'Relatioun tëscht der FSHCL an dem Ëmweltministère esou wéi Deeler vun de Verwaltunge schéngt weiderhi schwiereg.
„Wann een net matenee kann, da kann een net mateneen“, sou de Jo Studer. D'Ministesch Carole Dieschbourg misst hir Wielerschaft zerwéieren. An de Verwaltunge séizen och verschidde Leit, déi der Juegd net positiv gesënnt wieren. Mat anere géing ee par konter ganz gutt fueren.

D'Verdeelung vun de Juegdlousen hätt sollen esou bleiwe wéi se war, vläicht liicht adaptéiert ginn. Sou kommentéiert de Vertrieder vun de Jeeër déi aktuell Opdeelungsprozedur, déi eng éischte Kéier op Basis vum neie System ofleeft.

Aussoen, datt et elo zu Lëtzebuerg kommerziell Juegte géing ginn, wiere Quatsch, sou de Jo Studer. Mat der Juegd wier kee Geld verdéngt.

Bei de Steeë wielen d'Comitéë jo aus de beschten 3 Offeren eng eraus. Do war et Kritik ginn, datt grouss Acteure sech géingen ofschwätzen an alles opkafen.  

Hien hätt bei den aktuelle Steeën do net onbedéngt Abuse festgestallt, sou de Jo Studer. Wann ee gären zu 3 op eng Juegd geet, da kéint een och zu 3 drop steeën, natierlech kéint d'Juegd doduerch méi deier ginn.

Radio - Invité vun der Redaktioun: Jo Studer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.