E Freideg de Moie war de President vun der Arméigewerkschaft eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité Christian Schleck / Reportage Pit Everling

D'Volontariat bei der Arméi soll op 5 Joer verlängert ginn. D'Arméigewerkschaft SPAL gesäit dat skeptesch. Et sollt ee bei 3 Joer bleiwen an de Leit dann d'Optioun ginn, fir ze verlängeren. Dat seet de SPAL-President Christian Schleck. Hie war e Freideg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Mat enger Dauer vu 5 Joer géing een d'Leit ofschrecken an et géing ee riskéieren, fir Volontairë wärend der Ausbildung ze verléieren.

Leider wieren och keng finanziell Verbesserunge fir d'Volontariat am avant-projet de loi vum zoustännege Minister François Bausch virgesinn.

Parallel misst op alle Fall och méi an d'Fonctionnaires-Karriären C1 an C2 investéiert ginn, fir déi méi spezifesch Beruffer.

Hei géing een nach ëmmer op d'Arméisgesetz waarden. Mat deem missten d'Karriäre bei der Arméi un déi vun der Police ugepasst ginn. E Problem wier de Moment nämlech deen, datt vill Arméileit en cours de route bei d'Police géinge wiesselen, well d'Karriärs-Perspektiven do besser sinn.

Allgemeng géing et der Arméi u Leit feelen. De Problem léich net onbedéngt beim Rekrutement, ma en cours de route géingen ebe vill Leit verluer goen, dat aus verschiddene Grënn.

Invité Christian Schleck Arméigewerkschaft

De Christian Schleck hätt virun enger Zäit solle versat gi vum fréiere Chef d'état major Alain Duschène, wat um Enn net geschitt ass. De Christian Schleck war deemools der Meenung, datt et d'Zil wier, hien a senger gewerkschaftlecher Aarbecht ze behënneren. Déi geriichtlech Prozedure géingen nach lafen, sou de SPAL-President, dofir kéint hien dat Ganzt à ce stade net weider kommentéieren. Mam neie chef d'état major Steve Thull wier d'Relatioun iwwerdeems gutt.

Invité vun der Redaktioun: Christian Schleck

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.