E Méindeg de Moie war de President vun der nationaler Elterevertriedung eisen Invité vun der Redaktioun.

Et wier einfach déi nächsten Etapp an der Krisebekämpfung. D'Bereetschaft bei den Elteren, fir bei deene Schnell-Tester matzemaachen, wier och do. Dat sot de President vun der Nationaler Eltererepresentatioun, den Alain Massen, e Méindeg de Mueren am RTL-Interview.

Bei den Eltere géifen et awer deels ënnerschiddlech Meenungen dozou ginn. Déi eng géifen d'Tester rassuréieren, déi aner hätten awer nach hier Zweiwel. Dowéinst wier et wichteg, datt Elteren deen Test och selwer kënne benotzten, an datt weider sensibiliséiert gëtt. Un d'Maskeflicht hätte sech d'Kanner gewinnt. D'Fro vun der Effikassitéit géif awer bleiwen, wann d'Schüler no der Schoul, ouni Mask, am Bus zesummesetzen.

Et wier awer och ganz wichteg, datt eng séier an onbürokratesch Hëllef kënnt fir Kanner a Jonker, déi psychologesch ënnert der Pandemie leiden. Do wier ee sech mam Educatiounsministère eens ginn.

Fir de President vun der Eltererepresentatioun, Alain Massen, ass awer och kloer, datt d'Schoul déi Plaz wäert sinn, wou sech de Virus an Zukunft am meeschte wäert verbreeden. Déi Jonk géife jo als lescht geimpft ginn. Hie geet awer dovunner aus, datt een et bis an den Summer packt, ouni datt d'Situatioun ausser Kontroll geréit.

Schued wier, datt duerch d'Pandemie all déi aner wichteg Dossieren an der Schoul leie bliwwe sinn. D'Kris misst op alle Fall genotzt ginn,  fir de ganze Schoulsystem op de Leescht ze huelen, esou nach den Alain Massen vun der nationaler Eltererepresentatioun.

Invité vun der Redaktioun: Alain Massen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.