En Donneschdeg de Moie war den CSV-Vizepresident eisen Invité vun der Redaktioun.

Mëtt Mee hat d'Chambre des Salariés hire Sozial-Panorama virgestallt an d'Caritas huet e Mëttwoch no 15 Joer hire leschte Sozial-Almanach presentéiert. Béid Rapporte constatéieren, dass d'Aarmut nach ëmmer weider klëmmt.  Et misst een awer ënnerscheeden tëscht Aarmut an Aarmutsrisiko.
Aarmutsrisiko heescht, datt een net, respektiv kaum, un der Gesellschaft kann deelhuelen. Zum Beispill net genuch Suen huet, fir iessen ze goen, an de Kino ze goen oder eemol an d'Vakanz ze goen a sech dowéinst sozial ongerecht behandelt fillt. Bal all 5. Persoun zu Lëtzebuerg wier dovunner betraff. Dat huet de CSV- Deputéierte Paul Galles en Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview erkläert.

Systemesch Aarmut heescht, dass et eng Aarmut an een Aarmutsrisiko ass, déi net mat der Pandemie zesummenhänken an déi einfach géingen um System leien. Richteg Aarmut wär mat enger „déprivation matérielle sévère“ verbonnen, dovunner wären 1,2 Prozent, also knapp 7.000 Leit hei am Land concernéiert. Déi géing een op der Strooss begéingen, dat wäre Leit, déi an der Spiral dra wieren, déi keen doheem hunn, déi vläicht ofhängeg gi sinn, déi keng Aarbecht méi fannen oder net capabel wiere schaffen ze goen.

Ouni sozial Transferten: 46% Aarmutsrisiko
Ouni sozial Transferte léich den Aarmutsrisiko souguer bei 46 Prozent, also praktesch all 2. Persoun. De Finanzminister hätt sech bei der Virstellung vum Sémestre européen an der Chamber souguer nach gelueft, dass Lëtzebuerg et géing fäerdeg kréien et doduerch op 17,5 Prozent erofgedréckt ze kréien, mä et wär eng Katastroph, sou de Paul Galles. Donieft misst een och bedenken, dass den Effekt vun de sozialen Transferten och nach géing ofhuelen. Et géingen dofir awer aner Länner ginn, wéi Frankräich oder Éisträich, déi an der nämmlechter Ausgangspositioun wären an den Aarmutsrisiko awer duerch hir sozial Transferte méi gedréckt kréichen.  Dat heescht Lëtzebuerg misst an dem Beräich nach méi maachen, zum Beispill d'Allocation de vie chère, déi zanter 2009 net méi erneiert gouf an elo ugehuewe gëtt. Domadder géing een de Retard vun der Allocation awer net nohuelen, sou den Invité.

Logement  & Monoparentallen
De Paul Galles sot, hie wéilt kee Katastrophismus maachen, ma e grouss Problem wier de Logement. D'Leit missten ëmmer méi vun hirem Revenu ofgi fir ze wunnen, ze lounen oder eppes e kafen. Bei Persounen, déi am Aarmutsrisiko liewen, wier dat en Drëttel vum Akommes.
Speziell monoparental Stéit wiere schlecht drun, dat wären iwwer 80 Prozent Fraen. Dacks géinge se da mat de Kanner an enger ze grousser Wunneng wunnen, heiansdo géingen Alimenter feelen, sou den CSV-Deputéierten, dee fuerdert, datt sozial Ausgläicher musse geschafe ginn. Fir Monoparentallen kéint ee séier d'Steierklass änneren oder op d'mannst den Delai vun der Steierklass erhéijen an d'Kannergeld misst re-indexéiert ginn.

Sozialpolitik huet net komplett versot, mee...

D'Sozialpolitik an de leschte Joren hätt sech ëmmer méi zougespëtzt, well den Aarmutsrisiko déi lescht Joren ëmmer weider geklommen ass.
Hien wéilt net behaapten, dass d'Sozialpolitik komplett gescheitert war, well Lëtzebuerg hätt e staarke Sozialstaat, mee de Modell Lëtzebuerg géif u seng Grenze stousse mat dem massive Wuesstem, well een dem net géing entgéintwierken. Wann een de Wuesstem vum PIB nëmmen doduerch géing ofsécheren, dass méi Leit an d'Land kommen, dann géing natierlech de Logement méi deier ginn. Et géing een säin eegene Problem ëmmer weider produzéieren. De Paul Galles reprochéiert der Regierung, dass se net op den richtege Plaze géingen hëllefen. Kanner wieren zum Beispill e grousse Facteur vum Aarmutsrisiko an dofir géing d'CSV nees eng Re-Indexéierung vum Kannergeld fuerderen. Si hätten et selwer als Partei an der Finanzkrise desindexéiert, ma déi Krise wär elo eriwwer an d'Konstellatioun wär eng aner. D'Propose wär awer ofgeleent ginn. De Marc Spautz hätt een Gesetzprojet deposéiert fir d'Reindexéierung souguer retrograd vun 2019 un. Déi nächst Indextranche géing awer elo Enn 2021 kommen an d'Gesetz vun der Re-Indexéierung vum Kannergeld eréischt 2022. Deemno hätt een nees eng Chance verpasst. Grad op dem Punkt bei de Kanner géing net dat gemaach ginn, wat d'Regierung eigentlech misst maachen.

Regierung lueft sech selwer, ma Sachleeschtunge ginn net duer

De Max Hahn den 12. Mee an der Chamber: „Ech erënneren un déi rezent Erhéijung vum Mindestloun, d'Aféiere vum Revis, d'Ëmsetze vun der sozial gerechter Steierreform, gratis Kannerbetreiung, d'Aféiere vun de gratis Schoulbicher am Secondaire, d'Erhéijung vun der Subvention loyer, d'Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport oder elo zulescht och nach d'Verdueblung vun der Allocation de vie chère fir d'Joer 2020.“

D'Regierung géing gären dacks Sachleeschtungen opzielen, déi een ëmgesat hätt, ma domat géing een den Aarmutsrisiko einfach net gedréckt kréien. De DP-Deputéierten Max Hahn hätt och vun der Erhéijung vum Mindestloun geschwat an dat hätt hie béis gemaach, well dat wär eigentlech een Automatismus an d'DP hätt dëst Joer fir d'éischte Kéier iwwerhaapt dës Erhéijung un Konditioune gebonnen, sou de Paul Galles. Och d'Allocation de vie chère war eigentlech e Witz. Wärend der Pandemie wär se verduebelt ginn, ma elo géingen nach 10 Prozent dobäikommen, wéinst der CO2-Steier. An och déi sozial gerecht Steierreform wier jo wei et schéngt net méi geplangt.

12,1 Prozent „Working Poor“
12,1 Prozent „Working Poor“, dat wär eng Katastroph, esou de Paul Galles. Dat géing doru leien, dass déi Leit dacks net 40 Stonne kéinte schaffe goen oder a prekären Aarbechtsverhältnisser wieren. An d'Independante wieren dovunner och nach méi betraff, wéi d'Salariéen an och Leit mat engem CDD méi, wéi déi mat engem CDI. Lëtzebuerg wier doranner mat am Schlëmmsten an Europa, sou eisen Invité.

Keng Klima-Gerechtegkeet ouni sozial Gerechtegkeet
Et hätt kee Sënn Klimagerechtegkeet ze plangen, wann kee méi do wier, dee motivéiert wier fir matzemaachen. Klimagerechtegkeet misst vun all Mënsch ëmgesat ginn. Wann een awer hei am Land net sozial gerecht géing behandelt ginn, een net genuch Suen hätt fir sech dat ze leeschten, da géinge sech nach vill Froe stellen, sou de Paul Galles. D'CSV hätt dofir an der Chamber eng Kilometerpauschal an d'Spill bruecht, fir déi di missten op den Auto zeréckgräifen a sech et net kéinte leeschten, ëmmer méi ze bezuelen. Et misst een awer och deene Leit et méiglech maache klimagerecht ze sinn an hie géing och un d'Solidaritéit an der Gesellschaft gleewen. D'Leit wéilte matmaachen, mä et misst een hinnen d'Méiglechkeet ginn.

Zum Schluss huet den neien CSV-Vizepresident dann och gesot, dass et der Partei nom Depart vum Frank Engel ganz gutt géing goen. Et wier een immens motivéiert, dynamesch an gutt opgestallt, sou eisen Invité.

Invite vun der Redaktioun: Paul Galles

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.