"Si hunn eis nogelauschtert a si hunn eis verstanen"
E Méindeg de Moie war de Logementsplang vun der Regierung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Situatioun ass aktuell ëmmer nach schwiereg an zwar fir de ganze Bau. Dat sot d'Michelle Friederici e Méindegmoien als eis Invitée vun der Redaktioun. D'Presidentin vum OAI, dem Ordre des architectes et ingénieurs-conseils sot, dass ëmmer méi Entreprisë géingen uruffen, fir no Aarbecht ze froen. D'Demande fir Autorisatiounen am Bau ginn zanter Juli 2021 permanent erof. Wann ee sech déi plakeg Zuelen ukuckt, kann een carrement vun engem historeschen Déif schwätzen, sou d'Invitée. Et kéint een am Secteur allerdéngs net soen, dass et vill Faillitte gëtt, well et hätt schonn ëmmer u Main d’oeuvre gefeelt an déi géingen dann einfach bei aner Büroen transferéieren. Anerer géinge sech einfach anescht orientéieren.
Den Aktiounsplang gëtt Planungssécherheet
"Si hunn eis nogelauschtert a si hunn eis verstanen". Dat seet d'Michelle Friederici zum neien 10-Punkte-Plang vun der Regierung, deen d'lescht Woch presentéiert gouf. Den OAI hätt do ganz aktiv matgeschafft. D'Regierung géing elo Fuerderungen ëmsetzen, déi ee scho laang gestallt hätt. Dat géing dem Secteur déi néideg Planungs- an och budgetär Sécherheet ginn, fir d'Vertrauen am Secteur dobaussen nees ze stäerken. Dat wat een elo géing brauchen, fir awer net just eng Vereinfachung vun de Prozeduren, ma och eng Vereinfachung um Bau selwer. Et misst een net ëmmer alles bauen, wat technesch a konstruktiv machbar ass, sou d'Presidentin vum OAI.
E gutt Fundament
Natierlech wier dësen neie Mesurëpak och keng Wonnerléisung, mee einfach e gutt Fundament, wou ee kéint drop opbauen. Wichteg wier awer, dass ee weiderhin aktiv géing mat agebonne ginn, sou d'Michelle Friederici. Och wann et bis ëm d'Ausschaffe vu Gesetzprojete geet. "Net dass mer duerno eppes hunn, wat net ëmsetzbar ass", sou d'Presidentin vum OAI.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.