Lokal Poliziste sollen ëmmer accessibel fir d'Leit sinn
E Freideg de Moie war d'Police Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den neie Police-Generaldirekter Pascal Peters huet bei eis op der Antenn kloer Wierder fonnt, fir d'Beleidegunge vu Polizisten op engem Stater Kommissariat géintiwwer engem anere Beamte mat franséischen Accent ze denoncéieren. Hannergrond ass e Video, op deem een héiert, wéi e Stagiaire, deen eppes via Funk nofroe wëll, mat friemefeindlechen Aussoe beleidegt gëtt. De Mann schwätzt gebrachent Lëtzebuergesch mat engem franséischen Accent.
"Sou eppes geet guer net", sou de Successeur vum Philippe Schrantz un der Spëtzt vun der Police. De Pascal Peters huet betount, d'Direktioun hätt d'Faiten direkt denoncéiert an intern Mesurë geholl, wéi se dovunner gewuer gouf. De Minimum, sou de Policegeneraldirekter, wier sech beim Mann z'entschëllegen. Et handelt sech eisen Informatiounen no ëm e Mann, deen déi duebel Nationalitéit huet an an der Vergaangenheet als Polizist am Elsass geschafft huet. Dat, wat een am Video héiert, wier komplett géint d’Wäerter vun der Police, sou de Pascal Peters. Sou vill anerer géife sech un dës Wäerter halen.
Fir personell Enkpäss ze stoppen, sollen an den nächste Jore pro Joer 200 nei Poliziste rekrutéiert ginn. D'Police kënnt, an den Ae vum neien Direkter, an deem Kontext net derlaanscht, fir driwwer ze schwätzen, a wéi wäit ee sech och fir Net-Lëtzebuerger muss opmaachen, fir déi néideg Leit ze fannen.
Ëmmer accessibel fir de Bierger
De Pilotprojet vun der sougenannter Lokalpolice ass e Méindeg mat 20 Beamten an der Stad a 4 zu Esch ugelaf. D'Beamte mam Brassard "Police locale" patrulléiere vu méindes bis samschdes am Dag a solle virun allem eppes sinn: visibel an accessibel. Dat ganzt wier eng nei Strukturatioun vun der Police u sech. Et soll garantéiert sinn, datt Equippen am ëffentleche Raum ënnerwee sinn. An dat och bleiwen. Op normal Interventioune ginn d'lokal Policebeamten dowéinst net geschéckt. Et sief et ass en Noutfall. D'Poliziste géifen awer lo net laanscht eppes lafen, wat se direkt gesinn, sou de Pascal Peters um Radio.
Formaliséierten Austausch tëscht Buergermeeschter a Police
Den Hannergrond vum Pilotprojet wier haaptsächlech, fir den Austausch tëscht Buergermeeschter a regionaler Policedirektioun ze formaliséieren an de lokale Wënsch Rechnung ze droen, sot den Invité vun der Redaktioun. Den Asazberäich gëtt dobäi awer vun der Regionaldirektioun vun der Police definéiert. Et wier net de Buergermeeschter, deen d'Beamten dohinner schéckt, wou hien et richteg fënnt. Enn dës Joers soll da Bilan gezu ginn. Deen Ament soll gekuckt ginn, wéi gutt den Austausch tëscht Gemengeresponsabelen a Police klappt a wéi d'Lokalpolice vun de Leit gesi gëtt. Dem Pascal Peters no wier d'Police all Zäit schonn amgaang, sech duerfir prett ze maachen, fir d'Konzept vun der "Police locale" op dat ganzt Land auszewäiten.
D'Zesummenaarbecht mat den Agents municipallen, de sougenannte Pecherten, ass nach amgaang méi kloer formuléiert ze ginn.
Am Beräich vun der Finanzkriminalitéit géif d'Police "versichen" dëst Joer an d’nächst Joer jeeweils 20 Persounen ze rekrutéieren. Dat wier op alle Fall emol Zil, sou de Pascal Peters. Den neie Generaldirekter hofft och, datt d'Digitalisatioun dozou bäidroe kann, fir Ressourcë fräizemaachen a méi séier schaffen ze kënnen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.