Zanter bal 2 Wochen zirkuléiert e Video, deen an engem Kommissariat gefilmt gouf a wou Poliziste friemefeindlech Aussoen iwwert en anere Beamte maachen.

An de Videoopname gesäit een och, dass an engem Policebüro an der Stad gefilmt gouf. De sougenannte "Lima" ass dat zentraalt Kommissariat an der Stad, wou d’Beamte vum Terrain kënne Saachen nofroen. RTL-Informatiounen no ass d’Persoun, mat där de Geck gemaach gëtt, e Police-Stagiaire, deen déi duebel Nationalitéit huet a fir déi franséisch Police geschafft huet. Dësen huet per Funk nogefrot, fir d’Personalie vun enger anerer Persoun nozefroen.

Persoun A: “Ale wat ass dat?”
Persoun B: “ 't ass e Fransous.”
Persoun A: “Dat ass mir schäissegal, e soll meng Sprooch léieren dee Wichsert.”

Am Video gëtt vill gelaacht, an ëmmer nees héiert een de Beamten um Terrain Saachen nofroen. De Polizist huet a sengem Lëtzebuergesch ee franséischen Accent.

An enger schrëftlecher Stellungnam schreift de Pressebüro vun der Police:
“D'Police huet Kenntnis vun engem Video, dee säit op d'mannst zwou Wochen zirkuléiert, a wou Beamten um Kommissariat Lëtzebuerg sech ënner anerem iwwert een Aarbechtskolleeg lëschteg maachen a weider inappropriéiert Kommentaren ofginn.”

RTL

RTL huet de komplette Video vun 2 Minutten 43 an huet decidéiert, dësen den Ament net ze publizéieren. / © Sceenshot

“D’Police hëlt och all Schäiss”, ass eng weider Ausso, déi am Video gemaach gëtt. De Pressebüro vun der Police erkläert schrëftlech, dass dës am absolutte Géigesaz zu de Wäerter vun der Police wier, et wier e Verhalen, dat net géif toleréiert ginn.

Déi néideg Schrëtt wieren an d’Weeër geleet, an och éischt Mesuren ëmgesat ginn, esou d’Police. Ënnert anerem wier intern am Kommissariat eng aner Aufgabeverdeelung virgeholl ginn.

Esouwuel de Parquet wéi och d’Inspection générale vun der Police hätte Kenntnis vum Video a géifen enquêtéieren. Op Nofro wollt d’IGP keng weider Informatioune ginn.