E Mëttwoch de Moie war den Tram d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter dësem Mount huet Luxtram en neie Generaldirekter, den Helge Dorstewitz. E Mëttwoch de Moie war de studéierte Bauingenieur eisen Invité vun der Redaktioun. Zanter 2019 war hie schonns den Direkter bei Luxtram fir alles wat déi nei Linnen ugaangen ass.
 
Ënnert anerem also och d’Extensioun bis bei de Stadion op der Kockelscheier, déi zanter Ugangs des Mounts op ass. Do feelt nach en Deel op der Bréck. D’Streck ass just eegleiseg, all zweeten Tram fiert bis bei de Stadion. D’Aarbechte lafen, fir och do zweegleiseg kënnen ze fueren. Spéitstens bis 2026 soll alles do fäerdeg sinn. Ugangs d’nächst Joer fiert den Tram dann och bis op de Findel. De geneeën Datum soll no der Rentrée am September kommunizéiert ginn. 
 
Tëscht der Luxexpo an dem Lycée Bouneweg fiert den Tram am Dag all 3,5 bis 4 Minutten. Tëscht dem Stadion an dem Findel all 8 Minutten. Den Helge Dorstewitz ass zouversiichtlech, datt trotz neie Statiounen de 4 Minutten-Takt ka bäibehale ginn. An datt den Tram mat Momenter zwar belaascht ass, mä net iwwerlaascht. 
 
28,7 Millioune Passagéier goufen am Laf vum leschte Joer am Tram gezielt, also däitlech iwwer 100.000 den Dag. Eng Zuel, déi sech an e puer Joer verduebele kéint. Et rechent een dermat, datt 200.000 Leit den Dag an 10 Joer den Tram huelen.
 
Fir der Entwécklung gerecht ze ginn, si weider nei Linne geplangt: eng zweet Linn um Kierchbierg iwwer de Boulevard Konrad Adenauer an de Boulevard Pierre Frieden, tëscht der Stäreplaz an dem CHL an eng nei Verbindung tëscht dem Stadion iwwer d’Escher Strooss bis op d’Stäreplaz. Déi Strecken hätte Prioritéit, seet de Luxtram-Generaldirekter. Dat wär aktuell net de Fall fir eng zweet Linn an d’Stad eran, d’Neipuertsgaass erof laanscht de Park. Den Ament géif een déi Streck net brauchen an den aktuelle Projet wär och net gutt genuch a géif ze vill vum Park ewech huelen.
 
De séieren Tram op Esch plangt Luxtram och. Dee soll Enn 2028 bis Leideleng fueren, 2030 bis Féiz. Deen Tram soll ëmmer nach en Tram bleiwe mat enger Maximalvitess vun 80 km/h.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.