"Ech wëll net ënner Drock gesat ginn"
E Méindeg de Moie war de Kaméidi tëscht dem Aarbechtsminister an de Gewerkschaften Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Sollen d'Gewerkschaften de Monopol behalen, fir Kollektivverträg däerfen ze verhandelen? Dës Fro suergt fir Diskussiounen tëscht dem Aarbechtsminister an de Gewerkschaften. “Ech hunn net wëlles, e Gesetz z’änneren, mä wollt Pisten opweisen”, sot de Minister Georges Mischo e Méindeg de Moien am RTL-Interview.
De Sozialdialog wier him onverännert wichteg. Hie géif bedaueren, datt d'Gewerkschaften déi lescht Reunioun vum CPTE, dem Comité permanent du travail et de l'emploi, verlooss hunn. De Sozialdialog oprecht z’erhalen, wier awer schwéier, wann ee Partner géif d’Dier klaken. De Minister huet kloer gemaach, datt hien net wéilt ënner Drock gesat ginn. Entweder du sees dat, wat mer wëllen, oder mir ginn. Dat wier kee Sozialdialog.
De Monopol vun de Gewerkschafte fir Kollektivvertragsverhandlungen steet net zur Debatt
Op Nofro hi sot de Georges Mischo, datt de Monopol vun de Gewerkschafte fir Kollektivverträg ze verhandelen net zur Debatt géing stoen. Hie wéilt awer iwwer verschidde Pisten diskutéieren. Dat wär awer mat de Gewerkschaften net méiglech gewiescht, well si ebe gaange sinn. Eng Pist kéint zum Beispill sinn, datt d’Gewerkschafte weider d’Kollektivverträg verhandelen. Mä datt “Punkten” erausgeholl ginn, déi dann tëscht Salarié a Patron verhandelt ginn. Wéi eng Punkten dat wieren, sot de Minister net.
“Ech si kee Sproochrouer vun de Gewerkschaften, nach vun de Patronen. Mä ech si Member vun der groussherzoglecher Regierung”
56 % vun den Delegéierte wieren awer haut neutral. Dat wier eng Realitéit, där d'Gewerkschafte misste Rechnung droen. De CPTE wier och kee Co-Decisiounsgremium, mä e Kader, an deem zesummen diskutéiert gëtt. Hie wär weder e Sproochrouer vun de Gewerkschaften nach vum Patronat. Mä hie wär e Member vun der groussherzoglecher Regierung an hie wéilt de Koalitiounsaccord ëmsetzen, sou de Minister.
De Georges Mischo huet d’Gewerkschafte per Bréif a Mail op eng weider Reunioun invitéiert, krut awer nach keng Äntwert. Fir den 3. Dezember hunn OGBL an LCGB eng 1. Aktioun annoncéiert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.