E Méindeg de Moie waren d'Stroumpräisser Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et ass keng grouss Iwwerraschung. Den 1. Januar wäerten d’Stroumpräisser effektiv ëm 30 Prozent klammen. Dat konnt den Direkter vun Encevo de Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun confirméieren.

Hien huet awer ze bedenke ginn, dass de Präis duerch de staatleche Stroumpräisdeckel bis ewell net geännert hätt. Dat, obwuel de Stroum um Weltmarché awer vill méi deier gi wär. En duerchschnëttleche Stot bezilt haut am Joer ronn 850 Euro fir de Stroum. Ouni deen Deckel léich een dem Claude Seywert no bei gutt 1.400 Euro. En Niveau, deen haut schonns am noen Ausland géif gëllen.

Bei enger Hausse vu ronn 30 Prozent dierft et elo eng 250 bis 300 Euro méi d‘Joer kaschte fir e Stot mat véier Leit. Beim Akafspräis léich een haut op ronn 90 Euro pro Megawatt d’Stonn mat enger Tendenz zwar no ënnen, mä net immens vill. Den Direkter huet ze bedenke ginn, dass d’Marge, déi Encevo drop verdéngt, am Cent-Beräich leie géif. Nozeliese wär dat och am Joresbilan vun der Firma. Do stinn en Ëmsaz vu 5 Milliarden Euro an e Benefice vu just 100 Milliounen Euro.

Netzkäschte ginn anescht berechent 
 
D‘Stroumrechnung huet verschidde Komponenten. De gréissten Deel mécht de Stroumpräis aus. Donieft sinn et d‘Steieren an de Reseau. Dee mécht ronn en Drëttel vun enger Duerchschnëttsstroumrechnung aus. Et kënnt eng nei Tarifikatioun bei de Käschte fir d'Notze vum Stroumreseau. Do ass de Regulateur ILR mat agebonnen.

Dem Claude Seywert vun Encevo no geet et bei den neien Tariffer fir de Reseau drëms, dass d’Leit de Stroumverbrauch besser iwwert den Dag verdeelen: "wann ech et fäerdegbréngen, fir mäi Verbrauch méi gläichméisseg ze glätten iwwert den Dag, da bezuelen ech manner. Ech mengen, dat ass dee richtege Message, deen ee muss eriwwer ginn. Mir sinn an enger Transitioun", esou de Claude Seywert. Dowéinst misst dee Reseau och ausgebaut ginn. Den Encevo-Direkter ass net der Meenung, dass Leit, déi Solarpanneauen installéiert hunn, respektiv en Elektro-Auto kaaft hunn, elo de schwaarze Péiter kréien. Et géif sech nach ëmmer lounen, ze dekarboniséieren.

Wéi vill d‘Netzkäschte kéinten an d‘Luucht goen, wann een net oppasst, konnt de Claude Seywert net soen. Déi Rechnunge wären nach net alleguerte gemaach. Den ILR wär nach amgaangen ze fixéieren, wéi d'Präisser sinn. Dem Claude Seywert sengem Wëssen no géif dat fir 80 Prozent vun de Leit keen Ënnerscheed maachen, respektiv méi bëlleg ginn. Fir de Rescht kéint et, de Simulatiounen no, déi d‘Netzbedreiwer amgaange sinn ze maachen, liicht méi deier ginn.

Invité vun der Redaktioun: Claude Seywert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.