En Donneschdeg de Moie war de Staatsbudget Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

A Punkto Staatsfinanze gouf et eng Rei Constaten a Recommandatiounen tëscht den Zeilen am Interview en Donneschdeg de Moie mat eisem Invité vun der Redaktioun. De President vum Conseil national des finances publiques Romain Bausch huet virop erkläert, ewéi de Budgetsdefizit systematesch iwwerschat géing ginn. An anere Wieder, datt de Solde a Wierklechkeet besser wier.
 
Dëst Joer zum Beispill rechent d’Regierung mat engem Minus vun 1,4 Milliard Euro beim Zentralstaat, also d’Verwaltungen ouni d’Gemengen an d’Sozialkeesen. Genee also ewéi d’lescht Joer. Wann een awer kuckt, ewéi d’finanziell Situatioun vum Staat Enn September war, war et d’lescht Joer e Minus vu 700 Milliounen Euro. Dëst Joer wier et esouguer en Iwwerschoss vu 400 Milliounen Euro, esou de Romain Bausch. Et wier jo gutt, wann ee virsiichteg ass, mee hei géing ee sech bei de Gesamtrecetten ëm 3-4% verschätzen an dat wier "e bësse vill".
 
Wéi erkläert een dat? Eng "politesch Intentioun" gesäit de Romain Bausch net. Engersäits géingen d’Previsioune vun de Steieren net "richteg gemaach ginn". D’Recommandatioun, fir méi Fiabilitéit ze hunn, wier ukomm: "ech hu verstanen, datt d’Moossinstrumenter vun der Verwaltung amgaange sinn, verfeinert ze gi fir d’Zukunft", esou de President vum CNFP.
 
D’Verschätze bei den Zuele kéim dann och vun dohier, datt Ausgaben, déi virgesi ginn, net ëmgesat ginn. Et géing a sengen Ae awer och "net esou einfach ginn", fir datt zum Beispill am Logement d’Investissementer, déi um Pabeier ugestouss sinn, duerno tatsächlech gebaut ginn.
 
D’finanziell Lag wier also beim Zentralstaat besser ewéi duergestallt, mee bei de Sozialkeese gesäit et mëttelfristeg net gutt aus. Bei der CNS a bei der Pensiounskeess wäerten d’Depensen an den nächsten 2-3 Joer iwwert d’Recettë klammen. Wann een elo géing handelen, kéint ee "mat klenge Schrëtt dat Lach mat Zäit stoppen", esou de Romain Bausch.

Invité vun der Redaktioun: Romain Bausch, CNFP-President

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.