En Dënschdeg de Moie waren déi weltwäit Politik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

2025 steet virun der Dier. Ma de fréieren Ausseminister Jean Asselborn sot en Dënschdegmoien am RTL-Interview, hie wier net den eenzegen, deen "e wéineg Angscht huet virun deem, wat kënnt". Et misst een a sengen Ae kucken, wéi et nom 20. Januar weidergeet, wann den Donald Trump fir d’Zweet als US-President vereedegt gëtt. De Jean Asselborn behält d’Hoffnung, datt et eng Waffepaus an der Ukrain kéint ginn an esouguer eng am Noen Osten.
 
An Europa, do mécht sech de fréieren Ausseminister besonnesch Suergen ëm Frankräich an huet kritiséiert, datt de President Macron a seng successiv Premierministeren éischter probéieren, mam rietsextreme Rassemblement National eng Majoritéit ze kréien. Dat wier falsch, esou de Jean Asselborn. Ëm Däitschland mécht hie sech dann awer manner Suergen, well a sengen Aen d’AfD net wäert an eng Regierung kommen.
 
D’rietsextrem Partei misst een a sengen Aen och "selbstverständlech" kritiséieren, well dës d’Wäerter, déi d’Europäer nom zweete Weltkrich opgebaut hunn, net géif droen. Se wier géint Toleranz an auslännerfeindlech. Datt op Attentater reagéiert gëtt, wier normal a richteg, esou de Jean Asselborn. Hien huet awer bedauert, datt an Europa ëmmer méi versicht géing ginn, deene Recht ze ginn, déi a jidderengem en Terrorist gesinn. Dat wier schued a schlecht. Dem fréiere Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie no wier 2015 den Zuch verpasst ginn, fir eng europäesch Migratiounspolitik op d’Been ze kréien.
 
Hie géing nom Brexit an der éischter Wal vum Trump spieren, datt vill Leit, och an Europa, eigentlech d’Repèrë verluer hätten. Datt se net méi géinge richteg gesinn "wat richteg a wat falsch" wier an doduerch wier "vill an déi falsch Richtung gaangen". De Widderstand géint Progressismus wier a sengen Ae vläicht "eng Erscheinung vun der Zäit". Säi Wonsch wier et, datt d’Leit sech fir de Rechtsstaat an eng Trennung vun de Gewalten, fir eng fräi Press an eng onofhängeg Justiz asetzen.
 
Déi Lëtzebuerger Politik wëll hien net am Detail kommentéieren, hie wier "net d'Schwéiermamm vun iergendengem". Hien hätt 40 Joer Politik gemaach an hätt elo e Schlussstréch gezunn, esou nach de Jean Asselborn.

Invité vun der Redaktioun: Jean Asselborn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.