E Freideg de Moie war d'EU Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et mierkt een de Rietsruck am Europaparlament ganz kloer, dat sot de Moien d'CSV-Europadeputéiert Martine Kemp als eis Invitée vun der Redaktioun. D'Stëmmung wier no hirem Retour schonn eng aner. D'Martine Kemp souz an der leschter Legislatur scho kuerz fir d'CSV am Europaparlament an ass am Dezember nom Wiessel vum Christophe Hansen an d'Kommissioun nees nogeréckelt. Am Walkampf hat déi chrëschtlechsozial Deputéiert nach eng Zesummenaarbecht mat der rietskonservativer EKR-Fraktioun ausgeschloss. D'Realitéit ass awer eng aner.

Ouni Stëmmen och vun der EKR hätt déi nei Von der Leyen-Majoritéit keng Majoritéit kritt. D'Zil wier awer gewiescht eng Kommissioun zustanen ze brénge fir weider ze kommen. Hei hätt och net nëmmen d'EVP mat der EKR zesummegeschafft, mä och déi Liberal an d'Sozialisten, déi d'Kommissioun mat gestëmmt hunn.
Muss een, och mat engem postfaschistesche Vizepresident vun der Kommissioun, Raffaele Fito, da lo net fäerten, datt rietsextreem Positiounen an d'demokratesch Institutioune gedroe ginn? Dat gesäit d'Martine Kemp net. Et wier elo un de Kommissäre fir ze liwweren. Si huet nach emol d'Wierder vun hirem Parteikolleeg Christophe Hansen widderholl, datt Kommissäre virun hirem Amtsuntrëtt hir Parteikaart ofginn. 

D'Koalitioun aus der Mëtt muss d'Prioritéit bleiwen

Besonnesch dem EVP-Fraktiounschef Manfred Weber gëtt virgehäit, d'Brandmauer no riets net méi sou seriö ze huelen an nei Majoritéite mat Radikalen anzegoen. D'Martine Kemp huet de Moien dogéint gehalen. Et misst een och elo net ëmmer e Konsens mat de Rietskonservative fannen. Wat zielt, wier kloer Ziler ze hunn an d’Wäerter vun der EU ze vertrieden: d’Demokratie stäerken an dat Soziaalt. Hirer Meenung no misst d'Europäesch Vollekspartei dowéinst weider prioritär Allianze mat de Gréngen an de Sozialdemokraten agoen. D"Koalitioun aus der Mëtt" misst weiderhi Kompromësser sichen, am Respekt vun den europäesche Wäerter. Wann aner Parteien dee Wee mat wéilte goen, géif een natierlech keen drun hënneren.

Méi Kompetitivitéit duerch manner Regulatioun

Eis Invitée vun der Redaktioun vun e Freideg huet och betount, datt d’Kompetitivitéit vun der Europäescher Unioun misst gestäerkt ginn. Och wa fir den Ament mat Däitschland a Frankräich zwee kruzial Memberstaaten net wierklech handlungsfäeg sinn. Wéi soll dat goen? D’CSV-Europadeputéiert huet op den Draghi-Rapport verwisen. Et misst een "Innovatiounslücken" zoumaachen a Reglementatiounen ofbauen. Déi wieren ëmmer gutt gemengt gewiescht, mee net ëmmer gutt, huet d’Martine Kemp fonnt. Wien Innovatioun wëll, misst en adequat Ëmfeld duerfir schafen. Soss géif ee riskéieren, datt Betriber léiwer an d'USA ginn, wéi an Europa hir Aktivitéiten ze halen. 
 
Den Opruff vum Milliardär Elon Musk fir d’AfD an Däitschland ze wielen, dee wier iwwerdeems "ganz problematesch", esou d’CSV-Europadeputéiert. Fir d’Martine Kemp géing de Musk seng Muechtpositioun ausnotzen.

EVP nach ouni kloer Positioun zum Mercosur-Accord

Nom Ofschloss vun de Verhandlungen tëscht der EU-Kommissioun an de Mercosur-Länner (Brasilien, Argentinien, Uruguay, Paraguay) iwwert eng nei Fräihandelszon, wier hir Fraktioun den Ament nach amgaange fir driwwer ze diskutéieren, wéi d'EVP sech zu dem geplangte Fräihandelsaccord positionéiert. Engersäits wier et dee gréisste Fräihandelsaccord, dee jee ausgehandelt gouf, a wann d'Ofkommes net zustane kéim, géif dëst Lach riskéiere séier vu China gefëllt ze ginn. Anerersäits missten awer och de Baueren hire Bedenke Rechnung droen. Duerfir wier et den Ablack en "tendenzielle Jo" fir de Mercosur-Accord mat der Konditioun, datt nogebessert gëtt wann d'europäesch Baueren net zu hirem kommen.

Invité vun der Redaktioun: Martine Kemp

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.