E Freideg de Moie waren ënner anerem den Incident zu Esch op Neijoerschdag an d'Jugendstrofgesetz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Charel Schmit

"Et ass en extrem grausame Familljendrama, dee mat Virsiicht ze kommentéieren ass". Dat sot den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher e Freideg de Moien als Invité vun der Redaktioun iwwer de Virfall zu Esch op Neijoerschdag, wou zwee Hallefbridder vu 16 respektiv 15 Joer verdächtegt ginn, hire Papp respektiv Stéifpapp erstach ze hunn. 
Dem Charel Schmit no ass et aus kannerrechtlecher Siicht wichteg, sech ze froen, wéi eng Persounen nach involvéiert sinn an ob der drënner sinn, déi en Afferschutz brauchen.

Den Incident géif awer och nees weisen, dass de Lëtzebuerger Justizsystem fir esou Fäll net ausgeluecht wär an dass et un Zuele feelt, beklot den Okaju. D'Police géif zanter enger hallwer Dose Jore keng Statistiken iwwer Jugendkriminalitéit méi verëffentlechen. Deemno sollt een elo keng vireileg Konklusiounen iwwer Tendenze bei stroffällegem Verhalen zéien. Vum Parquet wéist een ëmmerhin, dass a 95 Prozent vun de Fäll stroffälleg Jugendlecher net agespaart ginn. De Charel Schmit seet awer, dass Jugendlecher effektiv och capabel si fir ganz brutal Doten.

Kloer wär awer, dass Jonker net an en Erwuesseneprisong gehéiere géifen, widderhëlt de Charel Schmit:

"Mir deelen d'Kritik mat allen Acteuren zu Lëtzebuerg am Beräich vun de Kanner a Mënscherechter zanter Joerzéngten, dass keng Kanner an de Prisong, keng Mannerjäreg an de Prisong vun den Erwuessene gehéieren. Déi Infrastruktur ass net adaptéiert. Si sinn net dofir ausgeriicht. Dat ass am Fong een undauernde Skandal, dee sech normaliséiert huet an dee mer higeholl hunn a wat awer net hinzehuelen ass."
 
Am konkrete Fall vun Esch op Neijoerschdag hätt dem Parquet no dee Verdächtege vu 16 Joer missen op Schraasseg, well d‘Enquête eng raimlech Trennung vun deenen zwee Hallefbridder géif verlaangen. Dat kann de Charel Schmit novollzéien. Grondsätzlech kritiséiert hien d'Politik awer schaarf, dass et nach ëmmer weder en adequate gesetzleche Kader, nach eng passend Infrastruktur gëtt, fir dat z‘evitéieren.
 
No engem Rapport voller Kritik vum Okaju an der Ombudsman Claudia Monti aus dem Joer 2022, hätten d'Ekippen zu Dräibuer vill Efforte gemaach. Och d'Infrastruktur – also och d'Unisec - wär verbessert ginn. Déi néideg fundamental Changementer missten awer baussent de Mauere vun Dräibuer decidéiert an ëmgesat ginn, präziséiert de Charel Schmit.

Op d’Reform vum Jugendstrofgesetz gëtt jo zanter Jore gewaart. Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher hofft, dass den Text dëst Joer finaliséiert gëtt. An deem Kader soll och e richtege Jugendprisong entstoen, deen dréngend gebraucht géif ginn. Allerdéngs erënnert de Charel Schmit op en neits un d‘Kannerrechtskonventioun. Mam Haaptgedanken: Prisong fir mannerjäreg Täter just, wa soss keng alternativ Mesure gräift. Eng richteg Ultima Ratio.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.