"D'Demokratie ass permanent a Gefor"
E Méindeg de Moie war d'Demokratie an hir Grenzen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"D’USA hu staark Institutiounen, ma et muss een hoffen, dass d’Institutiounen d’Grenze setzen”, dat sot de Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir Politesch Bildung (ZPB) mat Bléck op den Amtsuntrëtt vum Donald Trump e Méindeg den Owend géint 18 Auer eiser Zäit. Dee kéim esou gutt un, well hien onkonventionell wier a sech bewosst vun anere Politiker ënnerscheede géif. Dobäi kéim eng konsequent Notzung vu soziale Medien.
Dass e Multimilliardär géint d’Elite schwätzt, wier zwar e Widdersproch, mee domat misst een an der Politik liewen.
Ass d’Demokratie an enger Kris?
Dass rietspopulistesch Tendenzen och an Europa ëmmer besser ukommen, féiert de Marc Schoentgen op politesch Krisen zeréck. Grad da géifen déi Parteien einfach Äntwerten op d'Froe vun de Leit liwweren. Dozou géif gehéieren, anerer ze beschëllegen.
De Marc Schoentgen betount, d'Demokratie wier ni selbstverständlech a permanent a Gefor. Si wier net einfach do, ouni dass een eppes dofir maache géif. Net nëmmen an den USA, mee och an eisen Nopeschlänner. Et misst ee sech viru fir d'Demokratie asetzen.
Den Direkter vum ZPB hält awer fest, dass d’Leit politesch vill interesséiert wieren, dat geséich een un der Opmierksamkeet, déi den US-amerikanesche Walkampf an den Donald Trump generéiert hätten.
Fake News e "permanent Thema"
Fake News wieren an der Politik e permanent Thema, et misst ee sech ëmmer d'Fro stellen, wou d'Informatioun hierkënnt an a wéi eng Richtung ee se drécke wëll. Deen Effort misst och an der Schoul an an der politescher Bildung gemaach ginn. Zil wier et, kritesch denkend Bierger ze hunn.
Den ZPB ass aktuell net staark op de soziale Medie vertrueden, ma dat wéilt een änneren, erkläert de Marc Schoentgen. Dat wier allerdéngs eng schwiereg Decisioun: Eng Rëtsch vun Institutioune wieren aktuell amgaangen, Plattforme wéi dem Elon Musk säin X ze verloossen.
"An dat ass e bëssen d'Krux vun der Saach, ech muss mam Däiwel danze goen, fir den Däiwel am Fong kënne mam Fanger oppen ze weisen oder kënnen ze bekämpfen. Dofir mengen ech, muss ee sech ganz gutt iwwerleeën, wat fir eng Kanäl ee benotzt a wéi ee probéiert, déi unzeschwätzen", betount den Direkter vum ZPB.
Déi Jonk op e kriteschen Ëmgank virbereeden
D’EU wëll mam “Digital Services Act” géint Fake News, Haass, terroristesch a kannerpornographesch Inhalter virgoen. Aktuell leeft och eng Prozedur géint X, well d’Plattform an den Ae vun der EU géint verschidde Reegele verstéisst.
An den USA war Tiktok 12 Stonnen offline, nodeems sech de Sträit ëm de Verkaf vun der App un d'USA zougespëtzt hat, déi an der App e Sécherheetsrisiko gesinn. Ma ganz vill User sinn du kuerzfristeg op déi chineesesch App RedNote ëmgeklommen. Mat Bléck op déi grouss Notzerzuelen vun deene Plattforme wier et schwiereg, esou eng Kontroll op de Plattformen duerchzeféieren, esou de Marc Schoentgen: "Mir hunn elo gesinn, datt d'Proprietäre vun deene Plattformen jo alles, wat Faktencheck oder d'Ausläsche vu Ligen ass, sech do ganz schwéier dinn oder einfach do eraus zréckgezunn hunn. Dofir ass mengen ech d'Aarbecht, fir déi Jonk scho fréi drop virzebereeden, kritesch ëmzegoen, och mat de Plattformen, déi se notzen."
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.