"An der Asylpolitik gi Grenzen iwwerschratt"
E Mëttwoch de Moie war ënner anerem déi aktuell Gesondheetspolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir haten e groussen, politesche Konsens, mä hu leider nach ëmmer kee Pandemiegesetz", bedauert d’LSAP-Deputéiert a fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Si war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Viru 5 Joer wier een net op eng Pandemie preparéiert gewiescht, do wär vill Zäit verluer gaangen. D’Viraarbecht fir e Pandemiegesetz wier gemaach, sou d’Paulette Lenert. Ma d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez wär lo net méi dorun interesséiert. Si plangt méi e grousst Gesetz iwwer d’Santé publique. Dat wär och mëttelfristeg eng gutt Iddi, mä e "Brocken". Et wär besser, eppes fir den Noutfall ze hunn. Déi nei Gesondheetspolitik, déi d’CSV am Walkampf versprach hätt, wär och nach net do. Et wär nach net geliwwert ginn. No engem Joer kéint een awer scho méi erwaarden, fënnt d’LSAP-Deputéiert.
Asylpolitik: Kommissioun fir “Härtefäll” muss kommen
An der Asylpolitik bléist kloer en anere Wand. "Dat mécht mer Suergen", sou d’Paulette Lenert. Aktuell géife Grenzen iwwerschratt ginn. Si hätt sech net kënne virstellen, datt hei am Land Famillen, Frae mat klenge Kanner, matten am Wanter op d’Strooss gesat ginn. Dat wär net z’acceptéieren an dat hätt och näischt mat Parteipolitik ze dinn. Et wär eng Immigratiounspolitik, mat där si sech net kéint identifizéieren.
Eng Kommissioun fir "Härtefäll", wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, misst onbedéngt kommen. Déi Fäll an de Mënsch missten eenzel gekuckt ginn. Elo géif blann d’Gesetz applizéiert ginn. D’LSAP-Deputéiert a fréier Verwaltungsriichterin weess, datt d’Asylpolitik eng Erausfuerderung ass. Déi grouss Debatt misst an der Chamber gefouert ginn, mä d’Krisesituatioun misst elo geléist ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.