E Freideg de Moie war de Gehälteraccord Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Serge Wilmes

"Et ass een ëmmer frou, wann een als Regierung am Kader vun engem Sozialdialog en Accord fënnt. D’Gespréicher si ganz roueg a sachlech gefouert ginn, wat weist, dass dee Sozialdialog eben och funktionéiert. An d’Resultat ass ganz raisonnabel."

Dat sot de Serge Wilmes e Freideg de Moien iwwert den neie Gehälter-Accord an der Fonction publique. Den zoustännege Minister huet vun enger Grenz geschwat vun deenen 2,5% Punktwäert-Erhéijung iwwer zwee Joer. Et hätt natierlech finanziell a sozial Krittäre ginn, iwwert déi een als Patron net wollt eraus goen.

Et hätt ee sech Limitte gesat an d’CGFP hätt déi an enger sachlecher a konstruktiver Diskussioun och acceptéiert.
Sträit-Amenter gouf et net.

D'Méikäschten, déi elo op de Staat duerkommen, kéint ee sech erlaben. Iwwert déi nächst zwee Joer sinn et, netto, nom Retour vu Steieren, ëmmerhi knapp 110 Milliounen. Als déi gréisste Problemer, genuch Leit ze fannen, jugéiert de Serge Wilmes d'Beräicher vum Enseignement an der Police. D'Léierpersonal kritt elo jo mol hir Iwwerstonne voll bezuelt.

De Staat als Employeur misst gutt Konditioune bidden, sou de Serge Wilmes. Dowéinst wier eng Erhéijung vum Punktewäert elo ubruecht gewiescht, trotz den dach awer gudde Konditiounen, déi schonn en place waren. Et war e sachlechen a rouegen Dialog an den Accord salarial mat der CGFP ass raisonnabel, sou den CSV-Politiker. Och de Staat hätt plazeweis Problemer Leit ze rekrutéieren, zum Beispill bei der Police an am Enseignement, dofir gouf et fir déi lescht genannten och eng Valoriséierung.

Et hätt ee sech als Regierung bei de Verhandlungen eng Rumm gesat an déi wier agehale ginn. D’Regierung hätt sech als Grenz eng 2,5% Punktewäert-Erhéijung gesat an dat wier agehale ginn, sou den Invité vun der Redaktioun Serge Wilmes. D’Staatsbeamtegewerkschaft hätt méi gefuerdert, gëtt de Minister ze verstoen, ouni awer e Chiffer ze nennen. Hie seet awer, datt grouss Kompromësser gemaach gi wieren.

Finanziell gesi kéint de Staat sech dës Hausse vu ronn 108 Milliounen d’Joer erlaben. Ëmmerhi kéim jo och en Drëttel via Steiere rëm ran. Datt een als Politiker net rëm gewielt gëtt, wann ee sech mat der CGFP uleet, dat gesäit de Serge Wilmes net esou. Et soll een ni ee fäerten, sou de Minister.

Et wier schwéier de Verglach mam Privatsecteur ze maachen. Wann et ëm Sue geet, géing ëmmer emotional diskutéiert ginn. Mä et misst een op alle Fal kucken, datt d’Gesamt-Situatioun an enger Gesellschaft gutt bleift. Um Accord salarial hänken eng ganz Partie Gesetzprojeten. Nieft der Fonction publique gëtt den Accord op de Gemengesecteur an och op de konventionéiere Secteur applizéiert.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.