"Mir begréissen, datt ee sech elo Gedanke mécht ëm d’Pensiounen"
En Dënschdeg de Moie war d'Urechne vun de Studiejore fir d'Pensioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Déi Jonk sinn un der Thematik intresséiert a wëllen och hir Iddie mat an den Debat erabréngen", dat sot den Gianni Di Paoli um Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De President vun der ACEL, der Associatioun vun iwwer 40 Lëtzebuerger Studentencercelen, huet erkläert, datt een déi Jonk soll mat abauen an de Prozess vun der Pensiounsreform, well si herno mat am meeschte betraff wieren. De System misst laangfristeg an nohalteg ofgeséchert ginn. Dofir begréisst een, datt sech elo scho Gedanke gemaach ginn. Et misst evitéiert ginn, datt een elo abezilt an herno näischt méi erauskritt.
D’Studiejore ginn hei am Land jo ugerechent. D’Patronat nennt dat eng „Faveur“ a stellt et a Fro. D’ACEL fuerdert, datt déi Studiejore bestoe bleiwen. E Studium misst attraktiv bleiwen, well elo schonn diploméiert Leit géife feelen. De System sollt och flexibiliséiert ginn, datt se also net nëmme bis 27 Joer gëllen, mä och wann ee méi spéit sech wéilt weiderbilden. D’Studiejoren erlaben, datt een éischter kann an d’Pensioun goen. Finanziell bréngt et awer net vill, mä manner wéi 80€ de Mount.
Lëtzebuerg huet eng 20.000 Studenten a Studentinnen. D’Lëtzebuerger ginn nach ëmmer am Léifsten an d’Nopeschlänner. Een Drëttel geet op d’Uni Lëtzebuerg. Däitschland ass am Beléiftste mat iwwer 4.000 Studenten. Ekonomie läit bei de Studiefächer wäit vir.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.