"Ech sinn net do, fir den eenzele Leit Moralpriedegten ze halen"
E Freideg de Moie war d'Feelverhale vu Volleksvertrieder Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Chamberpresident an de Chamberbüro sinn zoustänneg fir alles, wat an der Chamber geschitt an net fir dat, wat op de soziale Reseaue geschriwwen a gemaach gëtt. Duerfir hätt de Chamberpresident an d'Chamber als Institutioun och keng Responsabilitéit, fir an der neier Causa Tom Weidig ze sanktionéieren an ze reagéieren. Dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler e Freideg de Moie bei eis als Invité vun der Redaktioun um Radio erkläert. Den adr-Deputéierten hat jo e Facebook-Post geliked, an deem gemengt gi war, et misst ee kämpfen an LGBTQ vernichten. Den Exekutivcomité vun der adr kënnt e Méindeg den Owend zesummen, fir iwwer d'Konsequenzen ze beroden.
D'Chamber ass eng Plattform, fir politesch ze reagéieren
An den Ae vum Claude Wiseler ass et evident, datt d'Chamber op sou Faite politesch reagéiere misst. An dat wier jo och en Dënschdeg an dësem Fall geschitt. Et gouf net nëmmen eng Resolutioun vun alle Parteien ugeholl (och vun der adr selwer) an där all Form vun Attacken op d'Mënscherechter denoncéiert gouf. Virun allem hunn d'Vertrieder vun CSV bis Lénk ganz däitlech Wierder fonnt, fir den Tom Weidig a seng Partei ze kritiséieren. Fir de Chamberpresident war dat déi absolut richteg Reaktioun.
"Ech maachen dat keng zwee Mol"
Hien hätt an der Vergaangenheet zwar schonn eng Kéier an der Conférence des présidents mam Tom Weidig geschwat, fir hien u seng Virbildfunktioun als Deputéierten z'erënneren. Dat Gespréich ass elo zimmlech genee ee Joer hier. Hannergrond waren déi Kéier Menacë vum adr-Volleksvertrieder géint e Karikaturist. Dat ganzt och op de soziale Medien. Hie géif dat awer keng zweete Kéier maachen. "Ech sinn net do, fir den eenzele Leit Moralpriedegten ze halen", huet de Claude Wiseler am Interview betount. Eng Kéier géif duergoen an, "wann et dann net verstane gëtt, da gëtt et net verstanen".
"Absolut Schwätzfräiheet" an der Chamber
Hätt en Deputéierten dat, wat den Tom Weidig op Facebook gemaach huet, an der Chamber zum Ausdrock bruecht, hätt den éischte Bierger vum Land och näischt kënne maachen. D'Deputéiert profitéieren duerch d'parlamentaresch Immunitéit, déi am Artikel 84 an der Verfassung verankert ass, nämlech vun enger "absolutter Schwätzfräiheet". An dat wier fir eng Demokratie wesentlech, sot de Claude Wiseler op eiser Antenn. Deputéiert kënnen net fir Meenungen, déi se ausdrécken, fir Aussoen, déi se maachen, penal bestrooft ginn. D'Meenungsfräiheet ass deemno fir Parlamentarier an hirer Funktioun méi grouss wéi am normale Liewen. Wa Saache gesot géifen, mat deenen iwwert d'Streng geschloe gëtt, wier et un deenen anere politesch ze reagéieren, sou eisen Invité.
Den eenzege Moyen fir als Chamberpresident aktiv ze ginn, sinn disziplinaresch Strofen, fir Parlamentarier ze sanktionéieren, déi déi politesch Uerdnung am Parlament stéieren. D'Chamberreglement lëscht déi verschidde Sanktiounsméiglechkeeten op. Vun engem "Rappel à l'ordre" bis hin zu engem zäitweilegen Ausschloss aus der Chamber. Wat am Reglement net präziséiert ass: duerch wat d'Uerdnung an der Chamber gestéiert gëtt. Dat läit am Ermiessungsspillraum vum Chamberpresident, respektiv dem Chamberbüro. Hien hätt sech do perséinlech eng Rei Reegele ginn, huet de Claude Wiseler erkläert. Provokatiounen zum Beispill géif hien net toleréieren a géif déi och deementspriechend sanktionéieren.
D'Diskussioun iwwer Deontologieskodex fir Deputéiert dierft nees opgemaach ginn
Zanter 2014 gëtt et e Verhalenskodex fir d'Deputéiert zu Lëtzebuerg, an deem virun allem potentiell Interessenskonflikter, finanziell Ressourcen a Kaddoe gereegelt sinn. Als neie Chamberpresident hat de fréieren CSV-Minister och en Deontologieskodex an Aussiicht gestallt, deen d'Grenze vun der Meenungsfräiheet sollt ofdecken. Dat, wat een allerdéngs bei auslännesche Parlamenter dozou gesinn hätt, wier net ganz kloer an éischter kriddeleg. Déi meescht Parlamenter am Ausland géifen och keng Sanktiounsméiglechkeete virgesinn. Dem Claude Wiseler no wier et och net un der Chamber, fir Deputéierte virzeschreiwen, wéi se solle liewen. Datt Dignitéit vun der Chamber respektéiert sollt ginn, géif hien awer rappelléieren, sou dacks wéi hie kéint.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.