Et war un der Zäit fir eng linear Punktwäert-Erhéijung beim Staat
En Dënschdeg de Moie war de Gehälteraccord Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
2,5 Prozent Erhéijung vum Punktwäert iwwer 2 Joer: et wier un der Zäit gewiescht, dass eng linear Erhéijung kënnt. Dat huet de Romain Wolff den Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun betount. Ob d’CGFP déi Fuerderung vun 8 Prozent wierklech gestallt huet, wollt de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft net verroden. Dass d’Gespréicher just tëscht der CGFP an dem Minister vun der Fonction publique gefouert ginn, fënnt de Romain Wolff gutt. “Wann ze vill Leit um Dësch sëtzen, gëtt et ëmmer méi komplizéiert, fir och een Accord ze fannen.” Indirekt géingen d’Leit awer mat um Dësch sëtzen, well ee jo duerno ëmmer misst all Accord vum Comité fédéral ofseene loossen.
Paie beim Staat sinn net schlecht, mee et war trotzdeem Zäit fir eng Punktwäert-Erhéijung
D’Paie vun de Staatsbeamte sinn net schlecht, gëtt de Romain Wolff zou. Trotzdeem hätt et elo eng Hausse gebraucht, well een a Krisenzäite keng Punktwäert-Erhéijunge gefrot hätt. 2010 no der Bankekris hätt een näischt gefuerdert a wärend der Pandemie och net, well kloer war, dass d’Suen dee Moment enzwousch anescht gebraucht goufen. D’Kritik, dass hei mat der Strenz an net sozial-selektiv oder no Leeschtung géing verdeelt ginn, wollt de Romain Wolff net gëlle loossen. Leit, déi méi Responsabilitéit iwwerhuelen, solle belount ginn.
Firwat gouf linear erhéicht an net sozial-selektiv?
2022 ass ee beim Gehälteraccord méi sozial-selektiv virgaangen. Dat heescht, déi niddreg Paien, déi goufe proportionell méi erhéicht wéi déi déck Paien. Sozial Selektivitéit wier ëmmer nach d’selwecht wichteg, mee et wier einfach elo Zäit gewiescht fir eng linear Punktwäert-Erhéijung. Donieft géing een och nach ëmmer drop waarden, dass déi ënnescht Karriären harmoniséiert ginn. De Projet wier nach ëmmer net duerch d’Chamber.
Een Argument fir d’Hausse vun de Paien ass och, dass de Staat Leit brauch. Aktuell ginn et awer schonn iwwer 400 fräi Plaze beim Staat. Sinn d’Suen do déi richteg Léisung? “Ganz sécher net”, seet de Romain Wolff. Do misst een och un den Aarbechtskonditioune schaffen. Dofir hätt een och den CET, de Compte d’épargne-temps, agefouert. Déi zweet Schrauf, un där ee kéint dréien, wier den Télétravail. Dat wier e groussen Atout.
Hunn mer eng Zwou-Klasse-Gesellschaft: Staat vs Privatsecteur?
De President vun der CGFP verdeedegt och déi getrennte Gesondheets- a Pensiounskeese fir Staatsbeamten. “Ech mengen net, datt een do eppes soll drun aneren.” Dat wier iwwer laang Zäit gewuess an dat wier genee esou eppes wéi de Statut, den ee wéilt erhalen, well d’Aufgab vun de Staats-a Gemengebeamte ganz anescht wier wéi an enger Entreprise. Eng Entreprise wier gutt drun, wa se Beneficer mécht. Ob déi Beneficer ëmmer gerecht opgedeelt ginn, wier eng aner Fro. Mee de Staat wier do fir Déngschtleeschtungen ze maachen a jidderee soll de selwechten Accès do hunn. Kritik gouf et och un den Direkter vun der UEL. Dee sollt sech an den Ae vum Romain Wolff mol drun erënneren, dass d’Staatsbeamten och seng Clientë sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.