En Dënschdeg de Moie waren d'Gespréicher fir en Enn vum Ukrain-Krich an d'Schicksal vun der FDP Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Charles Goerens

D’FDP, d’Schwësterpartei vun der DP, ass e Sonndeg am Kader vun de Bundestagswalen aus dem däitsche Parlament geflunn. Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens kuckt mat "engem kräischenden A" op dat schwaacht Resultat vun der FDP.

Déi hätt et net fäerdeg bruecht, hire Programm un d’Leit ze bréngen, constatéiert den Invité: "No bausse kënnt nëmme just eraus Wirtschaftsliberalismus, l'economisme liberal. Eng liberal Partei muss méi e breede Message no bausse kënnen diffuséieren, wéi dat do. Se huet méi e breede Message, mee se huet net fäerdeg bruecht, fir deen no baussen erkennbar ze maachen".

Suerge mécht dem Charles Goerens dann déi staark AfD, déi deelweis als rietsextrem aklasséiert gëtt an elo zweetstäerkste Kraaft am däitsche Bundestag ass. Déi liberal Demokratie géif grad vu bannen a vu baussen attackéiert: "Mir si ganz eleng an déi politesch Mëtt ass ganz eleng. Fir dat do nach hinzekréien, mussen déi zwou Parteien, déi elo an Däitschland d'Majoritéit kritt hunn, duerhalen, well soss geet dat do schif."

Enttäuscht, dass de Weste sech net eens gëtt 

E Méindeg den Owend huet den US-President Trump bei engem Rendez-vous mam franséische President Macron annoncéiert, dass en Enn vum Ukrain-Krich an den nächste Woche méiglech wier. Dat, nodeems sech d’lescht Woch Delegatiounen aus den USA a Russland fir Gespréicher a Saudi-Arabien gesinn haten, ouni Europa an ouni d'Ukrain.
De Charel Goerens ass enttäuscht, "datt mer als Westen net méi am Stand sinn, eis op e puer elementar Zilsetzungen ze konzentréieren an eis dorobber ze eenegen".

De Wäerte-Kodex géif et net méi. Europa misst lo hannert der Ukrain stoen, well et do gläichzäiteg drëms goe géif, Wäerter z'erhalen an ëm d'Selbstbestëmmungsrecht vun engem Vollek. An dat géif net einfach: "An d'Europäer, dat heescht deen Deel vun den Europäer, deen nach duerhält, wat Dir politesch Mëtt genannt hutt, déi mussen dat Ganzt elo eleng stemmen. Do kann een nëmme soen: bonne chance." 

Den Donald Trump géing nëmme Kräfteverhältnisser verstoen an all Problem dorops, respektiv op eng Fro vu Suen ze reduzéieren. Wann de Géigeniwwer dann net staark wier, géif den US-President dat "kalbliddeg" ausnotzen. Wann d’Europäer dat net géife verstoen, hätte se kee Géigegewiicht méi an enger Welt, déi China, Russland an d’USA amgaange wieren, ënnert sech opzedeelen.

Europäesch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain: "Wa mer et net maachen, da gi mer bueden"

Sollten d'USA d'Ukrain net méi militäresch ënnerstëtzen, da misst d'EU 300.000 Zaldote mobiliséieren an 250 Milliarden Euro d’Joer opbréngen, dat berechent d'Kieler Institut für Weltwirtschaft.

"Fro ass net: ass dat ze maachen? D'Fro ass déi: wat geschitt, wa mer et net maachen? Wa mer et net maachen, da gi mer bueden. Dann hëlt de Putin deen Deel vun der Ukrain, deen en elo scho militäresch besat huet an da geet et fir de Rescht vun der Ukrain", äntwert de Charel Goerens.

Wann d’Europäer de russesche President Putin wéilte stoppen, misste se Suen an de Grapp huelen, ma déi Sue wieren aktuell weder a Frankräich nach an Däitschland do. Däitschland misst dofir seng Schuldenbremse reforméieren. An och d’europäesch Investitiounsbank misst iwwert hire Schiet sprangen. Donieft missten d'Recommandatioune vum Mario Draghi an dem Enrico Letta ëmgesat ginn (fir d’EU nees méi kompetitiv ze maachen an iwwer d’Roll vum EU-Bannemaart, ndlr).

Fir de Charel Goerens kënnt et a Frankräich an an Däitschland op déi zwou sozialistesch Parteien un: "Wann déi duerhalen, kënne mer et packen".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.