Lëtzebuerg op Expo zu Osaka: 30 Millioune fir "Nation Branding"
E Mëttwoch de Moie war d'Weltausstellung zu Osaka Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Doki Doki- The Luxembourg Heartbeat ass de Slogan, mat deem Lëtzebuerg vum 13. Abrëll bis den 13. Oktober op der Weltausstellung zu Osaka optrëtt. "Doki Doki" wier déi japanesch Expressioun fir e méi séieren Häerzschlag an engem emotionale Moment, erkläert den André Hansen, General-Kommissär vum Pavillon.
Wann een an de Pavillon erakéim, géif een d'Lëtzebuerger Awunner iwwer Video kenneléieren. Dobäi wieren ënnert anerem e Lëtzebuerger Wënzer an en Aulebäcker. An engem zweete Raum kéinten d'Leit mat der Zeenographie vum Pavillon interagéieren iwwert eng Konsol.
Fir d'Weltausstellung schafft ee mat der Hotelsschoul zesummen, erkläert den André Hansen, "dat fousst op der Kooperatioun, déi scho fir déi lescht Weltausstellung gemaach ginn ass. Do sinn zwee Gruppe vun zéng Studenten, déi wäerten op Osaka kommen, am Kader vun engem Stage, an déi do op allen Niveauen am Pavillon wäerten hëllefen. Dat heescht souwuel fir dat gastronomescht Konzept wéi och am Shop. An dat ass wierklech eng ganz flott Aart a Weis, jonk Leit an de Pavillon mat anzebannen."
Weltausstellung: en iwwerliefte Modell?
Optrëtter op enger Weltausstellung sti méi dacks an der Kritik, well se iwwerholl wieren. Dat fënnt den André Hansen net. Et wier eng Geleeënheet, Nation Branding ze maachen, an et géif een hoffen, en authenteschen Androck vu Lëtzebuerg ze vermëttelen an och Talenter unzezéien.
Am Kader vun der Weltausstellung organiséiert d'Chambre de Commerce dräi Wirtschaftsmissiounen a Japan, erkläert den André Hansen: "et ass eng multisektoriell Missioun an et sinn zwou sektoriell Missiounen, wou de Fokus op d'Gesondheetstechnologië gesat ginn, och op d'Zirkularitéit an déi digital Technologien". Japan ass no China den zweetgréissten Handelspartner vu Lëtzebuerg an Asien. Kooperatioune ginn et zum Beispill schonn am Beräich Space, wou Lëtzebuerg zesumme mat Japan e Rover op de Mound bréngt.
D’Weltausstellung zu Osaka schreift den Exposante vir, nohalteg mussen ze sinn. De Lëtzebuerger Pavillon, dee vu Steinmetzdemeyer entworf gouf, wier dorops ausgeluecht, dass een en zeréckbaue kann. Domat sollen d'Komponente kënne recycléiert ginn, erzielt den André Hansen: "D'Membran vum Pavillon, wat ee vun de gréissten Deeler vum Pavillon ass, iwwerdeckt de Pavillon komplett an hei wäerte mer kucken, eng Reutilisatioun fir dës Membran ze fannen an et sinn och schonn a ganz pousséiert Gespréicher mat japaneschen Entreprisen."
30 Millioune fir de Lëtzebuerger Pavillon
De Lëtzebuerger Pavillon huet e Budget vun 30 Milliounen Euro, dat wieren zwou Millioune manner wéi deen zu Dubai. 600.000 Euro si fir de kulturellen Encadrement ageplangt. Domat wier de Kulturbudget méi héich wéi déi Mëttelen, déi fir de wirtschaftlechen Echange ugesat sinn: "Also e wirtschaftleche Programm kascht an deem Sënn manner, well dat gréisstendeels Wirtschaftsmissioune sinn. Et si jo keng Firmen, déi am Lëtzebuerger Pavillon ausstellen. Ech mengen Dir hutt de Gesamtbudget genannt. Dat sinn 30 Milliounen, domat zwou Milliounen ënnert dem Budget vun der leschter Weltausstellung, déi bei 32 Millioune louch. Voilà, ech denken, dass mer hei duerchaus an enger Rumm nach sinn."
Den 30. Mee feiert de Pavillon e "Lëtzebuerger Dag", wou dann e spezielle Programm gebuede gi soll.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.