"Ech wäert kucken, datt de Stroumpräis esou déif wéi méiglech bleift"
E Freideg de Moien war d'Energiepolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"De Stroumpräis ass eppes enorm Komplexes mä ech wäert als Energieminister kucken, datt en sou déif wéi méiglech bleift", dat sot den DP-Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
Wéi en dat wëll maachen, do ass de Minister am Interview awer nach net sou ganz konkret ginn. Just sou vill, de Staat huet juristesch préiwe gelooss, wéi e sech un den Investissementer an de Stroumreseau finanziell bedeelege kann. A wéi enger Héicht, do huet sech de Wirtschaftsminister haut nach net an d'Kaarte kucke gelooss.
Zanter dem 1. Januar gëllt jo eng nei Tarifikatioun bei den Netzkäschten an de Präisdeckel um Stroum spillt just nach zur Hallschent. Domadder sinn d'Stroumrechnunge mam Joreswiessel an d'Luucht gaangen. De liberalen Energieminister huet erkläert, datt hie kee Matsproocherecht op déi nei Tarifstruktur hätt. Hei wier den zoustännegen Institut de Régulation ganz autonom.
"Historesch Investissementer" an d'Stroumnetz
A ganz Europa an och zu Lëtzebuerg muss den Ament vill an d'Stroumnetzer investéiert ginn. De Stroumbedarf klëmmt duerch déi ganz Elektrifikatioun an den nächste Joren ëmmer weider an déi aktuell Reseaue packen et iergendwann net méi. Den DP-Minister schwätzt vun "historeschen Investissementer".
Wéi vill den Ausbau vum Reseau an den nächsten 10 Joer zu Lëtzebuerg kascht, sot eisen Invité net. D'Investissementer gi vun de Stéit via d'Netzkäschten mat finanzéiert, respektiv wäert de Staat eben hei och ee Bäitrag iwwert de Staatsbudget leeschten an den Netzausbau zu engem méi héijen Undeel mat finanzéieren. Déi éischt juristesch Analys fir dat ze maache wier fäerdeg a géif prett am Wirtschaftsministère leien. Wéi vill de Staat bereet ass ze ginn, huet de Lex Delles wéi gesot net verroden.
Donieft géif de Staat vum anere Joer un och méi eng héich Contributioun an den Ausbau vun den erneierbaren Energie ginn. Hei ass de Minister konkret ginn. Dëse Montant wier vu ronn 80 op 115 Milliounen Euro fir 2026 eropgesat ginn.
Eng Verlängerung vum Stroumpräisdeckel ass ausgeschloss
Den hallwe Präisdeckel beim Stroum gëllt nach bis Enn des Joers. Lëtzebuerg wier iwwerhaapt nach eent vun deenen eenzege Länner an Europa wat sou een Deckel nach hätt, betount de Lex Delles. Donieft hätt d'Regierung jo notamment d'Energieprimm an d'Deirechtzoulag eropgesat fir deene Stéit finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen, déi sech net sou gutt stinn. Dat wëll heeschen d'Regierung hätt jo awer eppes fir d'Leit an hir Kafkraaft gemaach.
De Stroumpräisdeckel nees ganz spillen ze loossen, respektiv ze verlängeren, huet de Lex Delles ausgeschloss.
Zu Lëtzebuerg wieren d'Stroumpräisser am Verglach zu den Nopeschlänner nach ëmmer kompetitiv. D'Land hätt deen niddregste Stroumpräis an der Groussregioun.
"Et ass ee komplext Thema"
De Lex Delles huet e Freideg e puer mol widderholl datt de Stroumpräis ee ganzt komplext Thema wier.
Datt de Wirtschafts- an Energieministère an der Kommunikatioun Feeler gemaach hätt an duerch ze wéineg Erklärungen d'Privatleit veronséchert hätt, sou wéi et an de leschte Woche vun Oppositiounsparteien an dem Mouvement écologique kritiséiert gouf, dorobber huet sech de Minister awer net agelooss. Villméi huet den DP-Politiker mam Fanger op d'Kritiker gewisen, déi deels mat " Aussoen, déi net ëmmer ganz fondéiert sinn" d'Leit veronséchert hätten.
Et wier nach ëmmer sou, datt sech eng Wärmepompel par Rapport zu de fossillen Energië rentéiert. Beim Elektroauto idem.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.