"D'Relatioune mat den USA sinn enorm wichteg fir eis Ekonomie"
D'Relatioune mat den USA sinn enorm wichteg fir d'Ekonomie. Dat huet den neien Direkter vu Luxinnovation Mario Grotz am RTL-Interview de Moien ënnerstrach.
Ekonomesch Relatioune mat den USA wichteg
Den neien Direkter vun der nationaler Promotiounsagence fir Innovatioun a laangjärege Conseiller am Wirtschaftsministère huet dräi Punkte genannt, firwat d‘Relatioune mat den USA ekonomesch esou wichteg sinn:
D'USA ass eent vun de Länner, vu wou de Grand-Duché Firme wëll unzéien. D‘Relatiounen an de Silicon Valley wäre ganz gutt.
Lëtzebuerg exportéiert vill an d'USA. Dowéinst maachen déi annoncéiert Stroftaxe Suergen. Virop fir d‘Automobilindustrie an awer och beim Stol. Héich Tariffer kéinten Arcelor Mittal schueden, dem gréisste Stolkonzern weltwäit mat Sëtz eben zu Lëtzebuerg. Den neien Direkter vu Luxinnovation hofft, dass Europa weider e wichtege Standuert fir Stol bleift. D‘Industrie géif ëmmerhi fir d‘Dekarboniséierung vill investéieren, deemno an nei Technologien ewéi den Hydrogen zum Beispill. D‘Agence géif de Betriber dobäi hëllefen déi richteg Technologie ze fannen, esou de Mario Grotz.
D‘EU an eben och de Grand-Duché bräicht den Accès op amerikanesch Technologien. De Mario Grotz hofft, dass d‘Amerikaner hir Exporter vu Computerchippen an Europa net wéi annoncéiert staark limitéiert.
Technologesche Réckstand ophuelen
Vläicht wier et an der EU och e bësse verpasst ginn, sech op e méigleche Wirtschaftskrich mat den USA ze preparéieren a sech besser opzestellen, gëtt de Mario Grotz ze bedenken.
E wichtege Volet do: d'Kompetitivitéit. An déi géif iwwer d‘Innovatioun lafen. An deem Sënn misst Lëtzebuerg dem Luxinnovation-Direkter no op déi nei Technologië setzen, wéi kënschtlech Intelligenz, Data oder Cloud. Do misst Europa e Virreider sinn. Bei der Fuerschung a wéi dës an de Firmen applizéiert ginn.
Sou de Mario Grotz vu Luxinnovation, deen awer zougëtt, dass d‘Investitiounen an deene Beräicher an den USA an a China nach däitlech méi héich sinn ewéi hei um Kontinent. Iwwerdeems wär de Marché vill méi fragmentéiert. Mä de Mario Grotz nennt virun allem d‘Fuerschung als Beispill, wéi d‘EU dee Réckstand kann ophuelen. Et bréicht ee sech och als Lëtzebuerg net ze schummen, esou de Mario Grotz. Well ee souwisou méi kleng, sollt de Grand-Duché sech op verschiddenen Nischen entwéckelen.
Kooperatioun mat wichtege Konzerner
Dem neien Direkter vu Luxinnovation no muss Lëtzebuerg mat de Firmen, déi Leader sinn an hirem Beräich, zesummeschaffen. Dofir begréisst hien och d‘Arrivée vu Google. D‘US-amerikanesch Tech-Firma mécht e Büro mat enger Dose Mataarbechter um Boulevard Royal an der Stad op.
Als éischt hate Google a Lëtzebuerg jo eng geséchert Cloud op d‘Been gestallt: mat der Technologie vu Google sinn d‘confidentiel Donnéeë vu Betriber a staatlechen Administratioune protegéiert. Elo dann de Büro. An als drëtte Schratt gesäit de Mario Grotz dann de Projet Datenzenter zu Biissen.
Wiessel zeréck op den Terrain
E véierels Joerhonnert war de Mario Grotz beim Staat a war do héichrangege Conseiller am Wirtschaftsministère. Hien hätt sech do net gelangweilt, an hien hätt gär mat de verschiddene Ministeren zesummegeschafft, fir d‘Land weider ze entwéckelen.
Elo wär fir hie mat Mëtt 50 nach eemol d‘Méiglechkeet komm, fir vill méi no mat den Entreprisen zesummen ze schaffen. Esou wéi am Ufank vu senger Karriär, wou hie bei der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers war. De Beräich Innovatioun hätt him ëmmer gutt gefall, erkläert de Mario Grotz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.