E Mëttwoch de Moie waren d'Kollektivverträg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir brauchen en Engagement. Mir brauchen eng Léisung am gréisste Probleem, deen d’Regierung lass getrëppelt huet, de Kollektivverträg. Wa mer do keng Neel mat Käpp maachen, kéint een net zu normalen Zäiten zréck kommen. An da bräicht een och net méi um CPTE deelzehuelen. Dat sot den LCGB-President Patrick Dury e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. D’Vertrauen an de Respekt wären net méi do.
 
Zesumme mam OGBL hätt een nach eng Kéier kloer gemaach, datt d'Exklusivrecht vun de Gewerkschafte bei Kollektivvertragsverhandlunge vun der Regierung misst schrëftlech garantéiert ginn. Ouni et auszehielegen. “Déi Eenzeg, déi nach um Lëtzebuerger Sozialmodell festhalen, déi um soziale Fridde festhalen, sinn d’Lëtzebuerger Gewerkschaften. D’Regierung huet sech u sech vun deem Modell verabschit, wa se dat dote wéilt duerchzéien”, sou de Patrick Dury. Et wär 5 vir 12.
 
Eng weider Entrevue mam Premier wier geplangt. Do missten Neel mat Käpp gemaach ginn. Déi méi patronatsfrëndlech Approche vun der Regierung géif ee schonn an de Betriber spieren. Do géife sech Saachen an de Betriber doen, déi net gutt wären, huet den LCGB-President ënnerstrach.

Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten, ok, awer am Kader vu Kollektivverträg

D’Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce a méi Sonndesaarbecht...do wären d’Gewerkschafte matgaangen, sot de Patrick Dury, wann am Kader vu Kollektivverträg déi Liberaliséierung gemaach gëtt, wann also d’Konditiounen an engem Kollektivvertrag festgehale ginn. Méi laang Ouvertureszäite wären eppes, wat net onbedéngt gebraucht gëtt, mä d’Personal am Secteur géif hiert Liewen op d’Kopp gehäit kréien... an engem Secteur, wou d’Paie scho relativ niddreg wären.

“Gewerkschafte sollen e bëssen aus de Pensiounsdiskussiounen eraus gedréckt ginn”

Wat d'Pensiounsreform ugeet sot de Patrick Dury, datt d'Gewerkschafte Pisten opgezeechent hätten, wéi een de Pensiounssystem kéint nohalteg ofsécheren ouni Verschlechterungen. Ma och hei géif d'Regierung net nolauschteren. Et wéilt een d'Gewerkschaften aus deenen Diskussiounen eraus drécken. Dat wier extreem bedenklech. 

Lëtzebuerg net méi sou attraktiv

Allgemeng wär Lëtzebuerg als Aarbechtsplaz net méi sou attraktiv, net fir déi berüümten Talenter. An eng éischte Kéier géifen och manner Frontalieren aus der Belsch a Frankräich op Lëtzebuerg schaffe kommen. Derbäi kënnt, datt d’Beschäftegung méi lues unzitt. Wa mer fir d’Frontalieren d’Situatioun esou verschlechteren, datt kee méi wéilt an d’Land schaffe kommen, dann hu mer gutt geschafft, gëtt de Patrick Dury ze bedenken. Well da géife mer eis Ekonomie net méi um Dréinen halen.
 
Fir den 28. Juni hunn OGBL an LCGB zesumme fir eng grouss national Demonstratioun opgeruff.

Invité vun der Redaktioun Patrick Dury

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.