"D'Europäer hunn ze laang gewaart a sech op de grousse Brudder Amerika verlooss"
En Donneschdeg de Moie war ënner anerem déi nei Reegele fir d'Areeche vu Petitiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Europäer hätten ze laang gewaart a sech op de grousse Brudder Amerika verlooss. Et hätt een d’Thema Defense "negligéiert", sot d’LSAP-Deputéiert a Co-Parteipresidentin vun der LSAP, d'Francine Closener, am RTL-Interview. Si war vun 2013 bis 2018 ënnert anerem Staatssekretärin an der Defense. An der Vergaangenheet hätt ee gehofft, datt et schonn net esou schlëmm géif kommen, mä elo wier Europa gefuerdert. Et hätt ee keng Alternativ. All Kris wier awer och eng Chance. Weider misst ee sech och dorëms këmmeren, d’Ofhängegkeeten an der Wirtschaft, der Energie a virun allem de Finanzen ze reduzéieren. Mir dierfen elo "net just schwätzen, mä mussen och agéieren", sou déi fréier LSAP-Regierungsmember.
Pensiounen: "Weise gëllt!"
D’LSAP-Co-Parteipresidentin fënnt dann och, datt de Pensiounsdossier net sollt op déi liicht Schëller geholl ginn. Aktuell wär et awer e bëssen eppes wéi eng Blackbox. Kee géif wëssen, wou et hi geet. D’Regierung misst elo weisen, wéi si de System wéilt änneren a wéi se dat wëll finanzéieren. An deem Kontext huet d’LSAP-Deputéiert och betount, datt d’Regierung de Sozialdialog net dierft negligéieren. Si wënscht sech, datt de Premier sech bewosst gëtt, wéi wichteg e gudde Sozialdialog och fir d’Standuertpolitik vum Land ass. Dëse wier ëmmer d’Basis vum Lëtzebuerger Modell gewiescht.
Nei Reegele fir d’Petitiounen
D’Francine Closener ass och Presidentin vun der Petitiounskommissioun an der Chamber. D’Petitioune kréie vum 15. Mäerz un nei Reegelen. Den Outil vun de Petitiounen ass e bëssen Affer gi vu sengem eegene Succès. Dës Woch sinn nei Reegelen zu de Petitioune gestëmmt ginn, ënnert anerem datt d’Zuel vun den néidegen Ënnerschrëften, fir datt eng Petitioun an der Chamber debattéiert gëtt, an d’Luucht geet – vu 4.500 op 5.500.
Zejoert si 15 Petitiounen an der Chamber debattéiert ginn. Doduerch géif et heiansdo laang daueren, bis dës Debate kënnen organiséiert ginn. An Zukunft soll dat bannent 4 Méint geschéien. Den Outil vun de Petitioune misst relevant bleiwen an et misst een e Suivi dovu maachen, esou d’Francine Closener.
Si gesäit d’Hausse vun den Ënnerschrëften net als Hürd fir de Succès vu Petitiounen. Ëmmerhi wier jo och d’Zuel vun de Leit, déi potentiell eng Petitioun kéinten ënnerschreiwen, an de leschten 12 Joer substantiell an d’Luucht gaangen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.