En Donneschdeg de Moie war d'Archeologie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Archeologie wëssenschaftlech weiderbréngen an dem grousse Public méi bekannt maachen. Dat ass d'Zil vum INRA, dem nationalen Institut fir archeologesch Recherchen. Den neien Direkter David Weis war den Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.
 
Lëtzebuerg hätt ganz flott archeologesch Sitten, eng keltesch Stad um Tëtelbierg oder e réimesche Site zu Duelem zum Beispill. Et misst een “net bis op Pompeji goen, fir onglaublech archeologesch Decouverten ze maachen”, sot den David Weis. Den Zougang zu den archeologesche Sitte misst awer nach verbessert ginn. Et géif och nach vill Plaze ginn, déi nach guer net erfuerscht sinn. Et géif nach vill Joerhonnerte Potential ginn hei am Land a vill fantastesch Saachen, déi ënnert dem Buedem leien. De Grand-Duché wär wéinst senger Lag ëmmer schonn eng Handelsroute gewiescht a relativ dicht besidelt.
 
Vill Hobby-Archeologen, déi ganz wichteg sinn
 
Hei am Land ginn et och vill Hobby-Archeologen a ganz engagéiert ASBLen, déi de Patrimoine och erfuerschen an erhalen. Dat begréisst den INRA. Dës Leit wieren d’“Aen um Terrain”. D’Archeologie wier nach net laang hei am Land professionaliséiert. Wat ee fënnt, gehéiert iwwregens ëmmer dem Proprietär vum Terrain, preziséiert den David Weis. 
 
Reegele fir eng “Schatzsich”
 
Enn Dezember zejoert gouf am Norde vum Land en aussergewéinleche Goldschatz fonnt, 141 Mënzen am Wäert vu ronn 300.000 Euro. Dat ass schonn extrem rar, esou den David Weis. Et sinn zwee Benevoller, déi déi éischt Mënze fonnt haten. D’Mënze sinn dunn iwwer Joren ausgegruewe ginn. Fir op “Schatzsich” ze goen, brauch een ëmmer den Accord vum Proprietär vum Terrain. Fir e Metalldetekter brauch een eng Autorisatioun vum Kulturministère an eng Formatioun. Den Direkter vum nationalen Archeologie-Institut encouragéiert d’Leit och, fir Archeologie ze studéieren. Et géif nach vill Nowuess gebraucht ginn.
 
Datt d'Archeologie de Bau géif behënneren, léisst hien net gëllen. E Site kéint maximal 6 Méint blockéiert ginn. Nëmmen an 2% vun de Fäll géifen och iwwerhaapt Gruewunge gemaach ginn. De Bauhär hätt deemno Planungssécherheet, esou nach den INRA-Direkter.

Invité vun der Redaktioun: David Weis

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.