"Mir si kengem Rechenschaft schëlleg"
E Freideg de Moie war d'adr Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir hunn alles gesot, wat ze soe war". Wéi eng konkret Mesuren nieft der schrëftlecher Verwarnung géint den Deputéierten Tom Weidig wéinst sengem queerfeindleche Like decidéiert gouf, bleift weider Partei-intern, esou e Freideg de Moien d’ADR-Parteipresidentin an Deputéiert Alexandra Schoos an enger éischter Reaktioun op d'Decisioune vum ADR-Nationalkommitee an deem Kontext bei eis op der Antenn. Alleguerten déi aner Parteien an der Chamber haten den Tom Weidig an d'ADR hefteg kritiséiert a seriö Konsequenze gefuerdert. Si hätt sech dat, wat an der Chamber gesot krut, zu Häerze geholl mä fir de Rescht hätt een dat intern gekläert. An engem gemeinsame Schreiwes haten déi aner sechs Parteien an der Chamber de Weekend virum Nationalkommitee an engem gemeinsamen Appell un d'Parteipresidentin, un d'Responsabilitéit vum Alexandra Schoss appelléiert, déi néideg Sanktioune géint den Tom Weidig ze huelen. Dat wier eng moralesch Flicht. Déi Concernéiert selwer sot E Freideg de Moien, si wier net der Meenung Credibilitéit ze verléieren. Si wier och kengem Rechenschaft schëlleg.
D'ADR wëll Weidig-Affär hannert sech loossen
Am Nationalcomité hätt ee konstruktiv diskutéiert an dann zesummen decidéiert, wat fir Konsequenzen de Like vum Tom Weidig fir den Deputéierte kritt. Dat wat un interne Mesurë festgehale gouf, wier fir si "komplett ok". Si selwer hätt och net wëlle méi wäit goen, wéi déi schrëftlech Verwarnung an déi weider Moossnamen, déi beschloss goufen. Déi ganz Affär wier och elo ofgeschloss. D'ADR wéilt rëm Politik maachen. "Weise wat se kënnen" a sech net méi weider mat Partei-Interna befaassen. Zemools net no baussen. Si selwer hätt ni un e Récktrëtt geduecht a kéint sech och weider 100% mat hirer Partei identifizéieren.
Mir si kengem Rechenschaft schëlleg
De Virworf vun der Oppositioun, si hätt net haart genuch duerchgegraff, léisst d'Alexandra Schoos net gëllen. LSAP an déi Gréng hate bei eis am Interview gesot, d'ADR hätt hei d'Geleeënheet verpasst, fir ze weisen, datt een net rietsextreem ass. Si misst scho bal driwwer laachen, sot eis Invitée vun der Redaktioun e Freidegmoien. Ëmmerhi géif ee jo net wëssen, wat als intern Mesuren decidéiert gi wär. Dowéinst kéint een dat och guer net jugéieren. Och op eng weider Nofro hin, huet d'ADR-Parteipresidentin refuséiert, fir konkret ze ginn. Si wier kengem Rechenschaft schëlleg an hir Partei bräicht sech vu "kengem dobausse jugéiere loossen". Datt déi aner Parteien hiren Ëmgang mat der alternativ demokratescher Reformpartei zanter der Affär geännert hätt, géif si net mierken.
Den Tom Weidig huet agesinn, datt dat e Feeler war
Dat Wichtegst wär, datt den Tom Weidig sech entschëllegt an erkläert hätt, datt hien de Post "onwëllentlech an onwëssentlech" geliked hätt. Dat géif si him sou gleewen, sot eis Invitée an huet an engems erkläert. Den Tom Weidig hätt agesinn, datt et e Feeler war an datt et net nach eng Kéier wäert geschéien. "Ech mengen, en huet vläicht draus geléiert”, sou nach d’Alexandra Schoos.
Bewonnerung fir den Donald Trump
Op den Europadeputéierte Fernand Kartheiser ugeschwat a seng Bewonnerung fir den Donald Trump, huet d’ADR-Parteipresidentin an Deputéiert gemengt, eréischt mat der Wiel vum Republikaner den 20. Januar géif een iwwerhaapt ufänken, iwwer Friddensverhandlungen an der Ukrain ze schwätzen. An deem Sënn géif si d’Bewonnerung deelen. Et géif een endlech am Dossier Ukrain-Russland weiderkommen. Déi Bewonnerung géif sech op den USA hir Roll am Ukrain-Krich bezéien. Manner op dem Donald Trump seng Handelspolitik.
Fir d'Alexandra Schoos ass et och objektiv nozevollzéien, datt och Russland Sécherheetsmesurë wéilt. Et misst een op de Fong goen, firwat dee Krich iwwerhaapt ausgebrach ass, sot si. De Wladimir Putin hat en Donneschdeg seng Zouso fir eng Wafferou vun 30 Deeg un d'Konditioun geknëppt, et misst een d'Originne vun der Kris léisen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.