Eenegung am Ukrain-Konflikt muss "Ursaachen, déi méi déif leien", consideréieren

© Photo by Maxim Shemetov / POOL / AFP
De russesche President Putin huet am spéiden Nomëtteg eiser Zäit virun der Press erkläert, hie géif eng Wafferou mat Virbehalt ënnerstëtzen.
De Wladimir Putin huet reservéiert op de Virschlag vun enger Wafferou, déi 30 Deeg soll daueren, reagéiert. Grondsätzlech wier Russland fir den US-Virschlag, fir d'Kämpf anzestellen, esou de Putin en Donneschdeg. Esou eng Wafferou misst awer "zu engem dauerhafte Fridden féieren an d'Ursaache vun dëser Kris, déi méi déif leien, ugoen". Domadder mengt de Wladimir Putin d'Originne vum Konflikt tëscht Russland an der Ukrain.
Eng Wafferou géif "eescht Froen opwerfen" esou de Putin weider. Esou wier ze froen, fir wat esou eng Wafferou genotzt gëtt. "Dofir, datt d'Zwangsrekrutéierung an der Ukrain weidergefouert gëtt? Dofir, datt Waffen dohinner geliwwert ginn?", freet de russesche President. Weider Schrëtt a Richtung vun engem Waffestëllstand wieren och dovunner ofhängeg ze maachen, wéi déi russesch Truppen an der russescher Grenzregioun Kursk virukommen.
De Putin sot weider, iwwert de Virschlag vun enger Wafferou misst "mat eisen amerikanesche Kolleege" geschwat ginn. "Vläicht sollt et en Telefonat mam President Trump ginn, fir dëst mat him ze beschwätzen". Dësem huet de Putin dann och Merci gesot, datt hie sech d'Méi gëtt, fir de Konflikt op en Enn ze bréngen. D'USA hate jo och schonn de Steve Witkoff extra a Russland geschéckt, fir datt deen zu Moskau Gespréicher a Richtung vun engem Waffestëllstand féiere soll. De Witkoff ass en Donneschdeg zu Moskau ukomm a soll mam Wladimir Putin hanner zouenen Dieren nach um Owend eng Reunioun hunn, esou russesch Medien. En direkt Telefonsgespréich tëscht Putin an Trump soll et awer en Donneschdeg méi ginn.
Et war déi éischt Reaktioun vum russesche President op de Virschlag vun enger Wafferou vun 30 Deeg, deen d'USA an d'Ukrain virun zwee Deeg no Verhandlungen a Saudi-Arabien gemaach haten. De Putin huet weider erkläert, déi russesch Truppe géifen aktuell u bal alle Beräicher vun der Front Terrain gewannen. "Déi russesch Truppe récke praktesch an alle Beräicher vun der Kontaktlinn vir," esou de russesche Staatschef op enger Pressekonferenz mam belarussche President Alexandr Lukaschenko.