En Dënschdeg de Moie waren d'Ausgabe fir d'Defense Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Lëtzebuerg däerf net Parasit spillen" oder op de " Prabbeli vun deene Groussen" ziele fir sécher ze sinn, esou den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas en Dënschdeg de Moien hei op RTL. Fir hie wier sécher: Et kéim een net dolaanscht d’Ausgabe fir d’Defense an d’Luucht ze schrauwen. 

D’Regierung géing sech an den nächste Wochen doriwwer Eens ginn ëm wéi vill. Manner sécher ass nach ewéi den zousätzlechen Effort fir d’Defense soll finanzéiert ginn. Am Moment ass d’Zil d’Defenseausgabe bis d’Joer 2030 vun aktuell 1,32% vum nationale Räichtum op 2% eropzeschrauwen. Deen Taux kéint awer nach méi héich ginn an/oder den den Delai méi kuerz. Eréischt wann d’Zil feststeet, kéint een och am Detail doriwwer schwätzen, wou een déi 600 oder méi Millioune fënnt.

Eng rout Linn fir d’DP ass de Sozialsystem, "e Pillier vun eiser Demokratie", un deen een net dierf goen, esou de Gusty Graas. Fir de Recht misst eng "Radiographie" vum Budget gemaach ginn an "oppen" iwwer all aner Piste geschwat ginn: sief et nei Scholden maachen oder deen een oder anere Projet zerécksetzen.

Steieren? "Loosst eis ofwaarden"

"A Priori" soll een iwwer all Pist schwätzen, mee den DP-Deputéierten hat eng "méi staark Reserve", wat Steiere fir d’Defenseausgaben ze finanzéieren ugeet. Hien huet op d’geplangte Steierreform mat "Steierverbesserungen" higewisen an dat misst een "dee Moment an deem Pak gesinn". Punktuell Steiererhéijungen elo, dat misst ee mat "Virsiicht genéissen".

Op d’Steiererhéijungen no der Bankekris vun 2009 ugeschwat, huet de Gusty Graas fonnt et kéint een déi Situatioun vun deemools net mat där vun haut vergläichen.

Hien huet dann esouguer d’Hoffnung ausgedréckt, "datt d’Amerikaner awer nach zur Nato an deem Ëmfeld stinn". Et misst een nach ofwaarden op wéi vill d’Zil gesat gëtt an ewéi sech d’geopolitesch Lag entwéckelt. "Loosse mer Mol déi nächst Wochen ofwaarden, da gesi mer méi kloer".

Firwat gëtt iwwerhaapt opgerëscht?

De Gusty Graas huet déi Fro opgeworf a selwer beäntwert: "Dat ass net d’Schold vun den Europäer, dat ass ganz kloer e Mann deen zu Moskau sëtzt, deen eis an déi Situatioun eragedrängt huet". Hien huet vun "hegemoniale Gedanken" op Säite vum Putin geschwat.

Am Géigesaz zur ADR gesäit d’DP ganz kloer eng russesch Menace och fir d’EU. Et soll een "net an eng kollektiv Depressioun falen, well dem Gusty Graas no géing et an Europa den "know-how" an d’Capacitéite ginn, fir selwer méi ze produzéieren a manner aus den USA z’importéieren.
 
Den DP-Deputéierten huet dann dem David Wagner vun déi Lénk awer och deelweis Recht ginn, datt wann et "leider" zu enger zousätzlecher Oprëschtung kënnt, dat ëmmer ënnert der Autoritéit vun den eenzele Staate misst sinn. D’Militär wier den Haapt-Uspriechpartner, allerdéngs kéint et net sinn datt eng "gewëss Eegendynamik" entsteet.

Ukrain dierf kee “Supermarché” ginn

Iwwert d'Telefonsgespréich, wat fir dësen Dënschdeg annoncéiert ass tëscht dem US-President Trump an dem russesche President Putin sot de Gusty Graas: "D’Ukrain däerf kee Supermarché sinn, wou déi Zwee sech elo wëllen zerwéieren."

Gaza, “eng Katastrof”

Am Ufank vum Interview hu mir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun och kuerz eng Reaktioun op d’israeelesch Attacken op d’Gazasträif an den Enn vun der Wafferou hënt gefrot. "Et ass eng Katastroph! Et hat een gewëssen Hoffnung op e Fridden an der Regioun, mee wat hënt geschitt ass geheit eis erëm ëm Wochen, ëm Méint zeréck", esou Gusty Graas.

Den DP-Deputéierten hofft, datt awer mat Hëllef vu “Kräfte vu Baussen” d’Situatioun kéint erëm verbessert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Gusty Graas

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.