E Méindeg de Moie war d'Waasser zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Leschte Samschdeg war jo Weltwaasserdag ënnert dem Motto “D’Erhale vun de Gletscheren”. Dass zu Lëtzebuerg an deem Kontext proppert Drénkwaasser aus dem Krunn kënnt, ass keng Selbstverständlechkeet an d’Gletschere spillen dobäi eng wichteg Roll. Se späicheren dräi Véierel vum gesamte Séisswaasser op eisem Planéit, erkläert den Direkter vun der Waasserverwaltung. De Marc Hans war de Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. 
 
Den Zoustand vun eisem Waasser ass schlecht

Am Grand-Duché ass den Zoustand vum Uewerflächewaasser, also Baachen a Flëss, net gutt. Pestiziden, Schwéiermetaller a Medikament-Réckstänn kontaminéieren d’Waasser. Donieft gëtt zum Beispill gekuckt, wéi et de Kieselalge geet an de Fësch a wéi d’Uferen ausgesinn. Den negativen Trend, deen een elo zanter Jore gesäit, wier zwar gestoppt ginn, mee et wier nach e wäite Wee, gëtt de Marc Hans zou.

Och an der europäescher Moyenne schneit de Grand-Duché net gutt of. Vun eisen 106 definéierten Uewerflächewaasser-Kierper wier keen an engem gudden Zoustand. Mee Lëtzebuerg wier och an enger schwiereger Situatioun, well hei am Land alles ganz dicht besidelt ass. All Fläch géing genotzt ginn. Sief et fir d’Landwirtschaft oder fir de Logement. Doduerch géing vill Drock op d’Gewässer entstoen. Donieft läit d’Land op der sougenannter “Waasser-Scheed” tëscht dem Rhäin a Maass. Dat heescht all d’Waasser leeft of Richtung Rhäin. Mir wieren “en tête de bassin” an doduerch hätte mer relativ kleng Gewässer. AE klengt Gewässer hätt méi staark mat Pollutioun ze kämpfe wéi grousst Gewässer, erkläert de Marc Hans.

Beim Grondwaasser wier d'Situatioun quantitativ besser, spréch et wier genuch Waasser do an de 6 Grondwaasser-Kierperen. Qualitativ gekuckt mécht d'Pestizide-Belaaschtung allerdéngs och Suergen. 3 vun de 6 wieren an engem schlechten Zoustand.

Waasserversuergung garantéieren: Protegéieren, spueren an nei Ressourcen

D’Waasserversuergung garantéieren, fir dass mer och 2040 nach Drénkwaasser hunn, dat gehéiert zu de Missioune vun der Waasserverwaltung. Dofir misst virop d'Waasser nach besser protegéiert ginn. Zum Beispill mat Schutz-Zonen an der Landwirtschaft. Donieft misst Waasser gespuert ginn. Do kéint jiddereen am Alldag bäidroen, well 60 Prozent vum Waasserverbrauch wier an de Lëtzebuerger Stéit. Do misst een nieft der Sensibiliséierung vun de Bierger, den technesche Mesuren (Mousseuren installéieren) och drun denken, fir Reewaasser ze notzen oder Ofwaasser traitéiere bis zu engem gewësse Grad, fir et dann nach eemol ze benotzen.

Eng weider Iddi ass jo, Waasser aus der Musel opzebereeden. Datt mer Waasser aus de Musel drénken, kéint dem Marc Hans vum Waasserwirtschaftsamt schonn 2040 de Fall sinn. 
 
Am Héichwaasserschutz si mer gutt opgestallt 

Wat den Héichwaasserschutz ugeet, wiere mer mëttlerweil gutt opgestallt. Et hätt ee vill aus dem Héichwaasser 2021 geléiert an et géing drëm goen, fir Schued ze miniméieren. Punkto Virsuerg géing ee versichen, d’Peegelstänn sou gutt et geet virauszesoen. Also wéini d’Waasser wou a wéi héich kënnt, fir dass d’Leit sech kéinte virbereeden. Och d’Koordinatioun tëscht Meteolux, Waasserverwaltung a CGDIS géing gutt lafen an ënnert dem Haut Commissariat à la protection de la nation koordinéiert ginn, esou den Direkter vun der Waasserverwaltung Marc Hans.

Pedagogescht Material ronderëm de Sujet vum Waasser fënnt een iwwregens hei.

Invité vun der Redaktioun: Marc Hans

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.