"Haut schaffe bei der Post méi Informatiker wéi Bréifdréier"
En Donneschdeg de Moie waren IT an Telekommunikatioun Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir verdeelen nach ëmmer Bréiwer an ëmmer méi Päck. Dat bleift och Deel vun eiser Zukunft, sot de Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post, als eisen Invité vun der Redaktioun.
Zanter 2012 géif déi klassesch Bréifpost zréckgoen. Zejoert waren et nach ronn 100 Millioune Bréiwer. An Dänemark hält d’Post Enn des Joers op Bréiwer auszedeelen, well kaum nach Besoin do wär. Dat jugéiert de Claude Strasser net als glécklech, mä d’Dänen hätten zanter laangem schonn op eng vill méi aggressiv digital Politik gesat.
2024: 8,4 Millioune Päck
D’Post ass ee vun de gréisste Patronen am Land. 4.500 Leit schaffen do. All Joer musse méi Päck verdeelt ginn. Zejoert gouf et mat 8,4 Millioune Colisen en neie Rekord. Et hätt ee fréi drop gesat, datt de Bréifdréier och Päck verdeelt. Am Centre de tri zu Beetebuerg stéisst ee mëttlerweil un déi eege Grenze wéinst ëmmer méi Päck. Dofir gëtt zu Beetebuerg an eng nei Infrastruktur investéiert, fir d’Päck ze triéieren. 80 Milliounen Euro sinn aktuell do virgesinn.
Haut méi Informatiker wéi Bréifdréier
D’Telekommunikatioun an den IT-Beräich maache mëttlerweil 2/3 vum Ëmsaz aus a méi wéi d’Hallschent vun de Leit. "Mir hunn haut bei eis méi Informatiker schaffe wéi Bréifdréier, awer nach ëmmer ganz vill Bréifdréier", betount de Chef vun der Post. D’Post huet och mat DEEP eng eegen Unitéit fir Telekommunikatiouns- an IT-Léisunge fir Professioneller. D’nächst Woch gëtt och ganz offiziell eng souverän Cloud virgestallt fir de Lëtzebuerger Marché. Dat bewosst mat engem europäesche Partner, OVH, sou de Claude Strasser.
Beim Postscheck, also de Bankgeschäfter, gëtt et nach ëmmer eng Croissance. D’Demande wär do fir e Kont, fir Privatpersounen a fir Betriber, och well et haut net méi sou einfach wär, fir e Kont opzemaachen.
"Hôtel des Postes" soll Mëtt 2026 opgoen
Mëtt d’nächst Joer soll dann och den "Hôtel des Postes" mat 90 Zëmmeren am alen, historesche Gebai matten an der Stad um Hamilius opgoen. Aktuell gëtt d’Gebai, dat fréier fir technesch Zwecker an och Büroe benotzt gouf, ëmgebaut. D’Post bleift Proprietär vum Gebai a bedeelegt sech um Invest, bedreift awer net den Hotel.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.