E Méindeg de Moie waren d'Gewerkschaften Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Sozialmodell géing vun der aktueller Regierung mat enger Häert attackéiert ginn, ewéi et nach ni gi wier. Dat sot d’Presidentin vum OGBL Nora Back e Méindeg de Moien hei op RTL. Si huet Attacken op d’Léin genannt, mee virun allem op d’Aarbechtszäiten an d’Kollektivverträg. D’Projeten, fir d’legal Sonndesstonnen vu 4 op 8 eropzesetzen an d’Ouvertureszäiten ze verlängeren, sinn deposéiert. Bei de Renten a Kollektivverträg weess een awer nach net genee, wou d’Rees higeet. Trotzdeem huet den OGBL mam LCGB elo schonn zu enger Maniff den 28. Juni opgeruff.

"Mir wëllen net emol ofwaarden, wat geschitt", esou d’Nora Back. Bei den Aarbechtszäite wier de Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP "grujeleg".
 
Zwar huet d’Regierung nom Eclat am Comité permanent du travail et de l’emploi garantéiert, datt d’Gewerkschaften d’Exklusivitéit behale fir Kollektivverträg ze verhandelen, esou fäert den OGBL, datt dann nei “Angles d’attaque” kommen. Zum Beispill, datt dat Recht net fir kleng Betriber géing gëllen, oder datt den Inhalt vun de Kollektivverträg verwässert kéint ginn. D’Nora Back huet e “konkreten Engagement” vun der Regierung gefuerdert, datt d’Kollektivverträg net geschwächt ginn.
 
Op méiglech Alliéiert an de Reie vun der CSV ugeschwat, sot d’OGBL-Presidentin: "Mir mussen eis nach ëmmer selwer verdeedege kënnen". D’Gewerkschaft géing natierlech awer all “Allianzen” begréissen. D’Hand wier ausgestreckt un all demokratesch a fortschrëttlech Acteuren.
 
"Mir hu lo ganz dacks Merci gesot"
 
De Finanzminister Gilles Roth hat de Weekend hei op RTL ënnert anerem drop higewisen, datt d’Regierung eng Rei Fuerderunge vun de Gewerkschaften ageléist hätt. "Mir hu lo ganz dacks Merci gesot", esou d’Nora Back. Allerdéngs wier d’Upassung vum Barème un d’Inflatioun scho vun der viregter Regierung deels gemaach ginn, an déi weider Upassunge wieren och deels de Verdéngscht ebe vum Drock vun de Gewerkschaften. Donieft wier et keng Steiererliichterung, mee de Stopp vun der Steierhausse duerch d’Net-Upassung.
 
Den OGBL wiert sech och géint de Virworf, d’Gewerkschaft wier géint all Form vu Moderniséierung. D’Nora Back huet awer drop higewisen, datt Lëtzebuerg déi zweethéchst Produktivitéit an zweethéchst Beneficer pro Aarbechter hätt. Op der anerer Säit stéing Lëtzebuerg sozial net ëmmer gutt do. Bei 8 vu 17 Indicateure vun der EU-Kommissioun géing Lëtzebuerg net gutt ofschneiden.
 
Am Géigesaz zum Finanzminister ass d’Nora Back dann iwweregens der Meenung, datt de klenge Budgetsdefizit vu just 99 Milliounen Euro beim Zentralstaat schonn e Grond wier, fir “euphoresch” ze sinn a méi Sozialausgaben ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: Nora Back

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.