Dumping vu chineesesche Produite kéint elo déi gréisste Menace ginn
E Freideg de Moie war d'US-Handelspolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Ekonomie an d'Investisseure fäerten Onsécherheet. Duerfir ass den ablécklechen Hin- an Hier an Duerchernee bei den Douanestaxen an den USA guer net gutt. Dat sot e Freideg de Moien de René Winkin. Den Direkter vun der Industriellefederatioun Fedil war eisen Invité vun der Redaktioun. Et dierft een och net vergiessen, dass trotz der Trêve vun 90 Deeg, ënnert anerem Aluminium a Stol awer zu 25 Prozent taxéiert ginn an d'Taxen allgemeng ëm 10 Prozent eropgaange sinn. Europa a Lëtzebuerg wiere staark op Export ugewisen, deemno wier d’Situatioun och elo, sécher net gutt.
Éischt Konsequenze vun de Stroftaxen
Zanter leschter Woch wieren d’Häfen an d’Stocke voll, well ebe versicht gouf, fir virun dem Akraafttriede vun den Taxen nach Produiten eranzekréien. Firwat dës Decisioun vun der amerikanescher Administratioun geholl gouf, kann de René Winkin iwwerhaapt net novollzéien. D’USA sinn eng Service-Ekonomie an do wier et net anormal, dass d’Balance commerciale negativ ass. Fir de Grand-Duché wier et d’selwecht. Lëtzebuerg exportéiert Servicer bei de Satellitten an an der Logistik an natierlech am Beräich Finanzen. Dofir importéiere mir Computeren, Satellitten a Fligeren. Fir elo wëlle mordikus do ze reequilibréieren, wier onverständlech, fënnt den Invité.
D’Attitüd vun Europa par rapport zu Handelsaccorde muss änneren
Lëtzebuerg exportéiert hallef sou vill an d'USA wéi ëmgedréit. Vun de méi héijen Taxe wieren hei am Land notamment de Stol a Spezialproduite concernéiert. Dozou gehéieren Aluminium-Folien, Maschinnen-Equipementer oder Komponente wéi Ventiller. Och Deeler vun der Produktioun vun amerikanesche Firme wéi Goodyear oder Dupont de Nemours wiere betraff. D'EU géif dofir richtegerweis deeskaléieren, fënnt de René Winkin. Europa misst seng Quellen diversifizéieren, awer virun allem méi séier seng Positioun zu Handelsaccorden iwwerdenken. Eng Attitüd wéi bei CETA an TTIP dierft et net méi ginn. Donieft misst d’EU d’Kompetitivitéit vu senger Industrie verbesseren an allgemeng méi séier an “hefteg” kënne reagéieren.
Chineeseschen Dumping ass déi gréisste Menace
Fir China bleiwe weiderhi Stroftaxe vun iwwer 120 Prozent. Scho virun dëser Handelskris hat d’EU Problemer mat de chineeseschen Iwwercapacitéiten. D’Banne-Nofro a China wier net staark. Dofir lant ganz vill op den auslännesche Mäert. An doduerch, dass elo och nach deen Deel, deen eigentlech sollt an d’USA goen, riskéiert, op den EU-Marché ze kommen, géing dat Europa ënner Drock setzen. “Ech géif dat well bal als gréisste Menace ugesinn”, gëtt de René Winkin ze bedenken. Donieft huet China ugekënnegt, verschidde Produiten net méi an d’USA z’exportéieren. Dat wieren awer wichteg Produiten, déi eng ganz Partie Industrië géinge brauchen an dat kéint duerno dann och d’EU treffen.
Mir sollen de Ball flaach halen
Vum franséische President Macron sengem Appell u franséisch Entreprisen, fir net méi an den USA z'investéieren, hält de Fedil-Direkter näischt. Dat wier net am Sënn vun enger Deseskalatioun. Et wier besser, de Ball flaach ze halen an op Verhandlunge setzen. De René Winkin mécht drop opmierksam, dass eis Ekonomie extrem interconnectéiert ass. All Appell, fir manner z’investéieren oder méi héich ze taxéieren, hätt och een direkten Impakt op d’Industrie an Europa.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.