Versteeë vu Juegdlouse muss anescht organiséiert ginn
E Méindeg de Moie war d'Aarbecht vun de Juegdsyndikater Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
621 Juegdlouse gëtt et am Land, ma fir d’Proprietären ass et net ëmmer einfach, e vertrauenswierdege Jeeër ze fannen. Dat huet den Nic Etgen de Méindeg Moien erkläert. De President vun der FSCL (Fédération des Syndicats de Chasse du Luxembourg asbl., ndlr.)*, der nationaler Vereenegung vun de Juegdsyndikater, war eisen Invité vun der Redaktioun.
Et bräicht eng Gesetzesännerung, fir dass d’Attributioun vun de Lousen net un de Präis vun der Stee gekoppelt gëtt, mee dass de Syndikat sech dee Jeeër raussiche kann, mat deem en och eens gëtt. D’FSCL zielt tëscht 20.000 an 30.000 Proprietären. All Mënsch, dee Proprietär vun engem Stéck Land oder engem Bësch ass, ass d’office Member am Juegdsyndikat, erkläert de President.
Et muss méi Wëld geschoss ginn, fir de Schued ze limitéieren
Duerch de Klimawandel an aner Ursaachen ass de Bësch ëmmer méi ënner Drock. Haaptproblem wier d’Wëld an dat misst een a Moossen halen. Dat géif nëmmen duerch Schéisse goen. Den Nic Etgen plädéiert fir en Erweidere vun de Juegdzäiten. Déi ginn aktuell vun enger Stonn viru Sonnenopgank bis eng Stonn no Sonnenënnergank. Wann do jee eng Stonn dobäikéim, wier dat scho gutt. Et bräicht net direkt déi ganz Nuecht iwwer ze sinn.
Duerch dat villt Wëld géing net just Schued am Bësch entstoen, mee och op de Felder. Dass d’Jeeër fir de Wëldschued bei de Baueren opkomme mussen, ass fir den Nic Etgen dofir verständlech. Do géing et jo eng direkt Relatioun ginn. Et wier och esou, dass verschidde Jeeër extra vill Wëld géingen an hirem Lous loossen, fir bei enger Juegd dann och sécher en Erfollegserliefnis ze hunn, wat de President vun der FSCL kritiséiert. All Joer géifen d’Jeeër eng hallef Millioun Euro Schuedenersatz un d’Bauere bezuelen, ma den effektive Wëldschued wier däitlech méi héich.
Versteeë vu Juegdlouse muss anescht gehandhaabt ginn
Mat der Reform vum Juegdgesetz vun 2011 ass d’FSCL zefridden. Do wier et allerdéngs néideg, fir e puer kleng administrativ Saachen unzepassen, fir dass d’Juegdsyndikater korrekt kënne fonctionéieren.
Déi gréisst Erausfuerderung wier awer beim Versteeë vun de Juegdlousen. Do wier et esou, dass de Juegdsyndikat sech ee Piechter eraussicht aus deenen dräi, déi am meeschte gebueden hunn. Allerdéngs wier et dacks esou, dass et déi nämmlecht Persoun wier, mat zwee Stréimänner. Dofir fuerdert d’FSCL, dass d’Verdeele vun de Juegdlouse misst lassgekoppelt gi vum Juegdpräis.
Et wier wichteg, dass de jeeweilege Juegdsyndikat sech selwer kann een eraussichen, deen hire Virstellungen entsprécht. Mat der Jeeër-Federatioun hätt een och schonn doriwwer rieds gehat an déi wier gedeelter Meenung zu dësem Sujet, erkläert den Nic Etgen.
*D’FSCL ass d’Fédération des Syndicats de Chasse du Luxembourg (asbl.), net ze verwiessele mat der Jeeër-Federatioun FSHCL, der Fédération Saint-Hubert des Chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg. Donieft gëtt et och nach eng aner FSCL, dat ass d’Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois, déi awer näischt mat dësem Sujet ze dinn huet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.