"Et kënnt ee sech e bësse vir wéi am Wilde Westen"
E Mëttwoch de Moie war d'Weltwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mat all de Volatilitéiten an den ekonomesche Situatiounen, déi permanent änneren, kënnt ee sech e bësse vir wéi am "Wilde Westen", wou d'Reegele vum Stäerksten iwwerweien. Et ass eng Zäit vu groussen Onsécherheeten, sot e Mëttwoch de Moien de Guy Hoffmann als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass de President vum Verwaltungsrot vun der Banque Raiffeisen an de Vizepresident vun der Bankenassociatioun ABBL.
Wéi et weidergeet, wéi ee soll seng Sue placéieren, wär schwéier ze soen, well all Dag nei Messagen aus den USA kommen. Et wär eng Zäit, wou ee soll virsiichteg sinn an et besser wär, mol ofzewaarden, wéi sech alles wäert entwéckelen. Wann een investéiert, wär eng weltwäit Diversifikatioun wichteg.
D’Leit spuere méi, dat wier e gewinnte Phänomen a méi onsécheren Zäiten, mä och d’Kreditsituatioun hätt nees e bëssen ugezunn. D'Immobilieprête ginn nees an d’Luucht, och wann d'Vente vun den neie Wunnengen, déi nach net gebaut sinn, nach ëmmer lues geet. D'Promoteure géife blockéieren, well se un den héije Präisser festhalen, mä awer d’Clientë feelen, déi déi héich Präisser bezuelen, hat de CEO vun der ABBL Jerry Grbic an engem Interview mam Paperjam gesot. D’Ausso wär richteg, äntwert de Guy Hoffmann, d’Relatioune mat de Promoteuren awer gutt. Mä Lëtzebuerg hätt bei den Immobilien e strukturelle Problem, deen een net kuerzfristeg kéint léisen. Ënnert anerem ass ze wéineg an ze grouss gebaut ginn.
D’Situatioun an den USA misst ee weider ganz genee suivéieren. Den direkten Impakt wär nach ze geréieren. Mä et géif awer potentiell Riske ginn. Déi ganz Douanestaxe géife bei den Entreprisë fir Onsécherheete suergen, déi dowéinst manner investéieren.
Der Lëtzebuerger Bankeplaz géif et gutt goen. Den Emploi, d'Fraisen an d'Resultater wiere stabel bliwwen. D'Resultater vun 2024 si gutt, wat et och géif de Banken erlaben, fir Reserve fir fragil Zäiten opzebauen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.