"Ech gesi mech als Persoun, déi do ass fir de Bierger"
En Donneschdeg de Moie war d'Aarbecht vum Ombudsman Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
En Donneschdeg fänkt déi nei Ombudsman mat hirer Aarbecht un. D'Claudine Konsbrück huet d'Relève vun der Claudia Monti iwwerholl a war op hirem éischte Schaffdag eis Invitée vun der Redaktioun.
Si géif sech als Persoun, déi fir de Bierger do ass, gesinn, an d'Relatioune mat de Verwaltunge wëll si vereinfachen. D'Claudine Konsbrück hätt laang als Beamtin beim Staat geschafft an deemno vill Erfarung, wéi eng Verwaltung funktionéiert. Dat gesäit Si als Virdeel. Hir Virgängerin hätt d’Mandat vun der Mediatrice gutt gemaach a si wéilt och villes weiderféieren.
Eng méiglech Kompetenz-Erweiderung fir den Ombudsman gesäit d’Claudine Konsbrück virun allem bei de Strukture fir Leit mat engem Handicap, wou et aktuell nach keen externe Kontroll respektiv eng Ulafstell géif ginn. Eng entspriechend Proposition de loi vun der LSAP géif et scho ginn.
Fir d’Kontroll vun de Prisongen oder de Psychiatrien ass si jo schonn zoustänneg. Et gi Rapporte gemaach, déi dann och un d’Politik ginn. D’Büroe vum Ombudsman sinn zanter Kuerzem jo ewell op der Areler Strooss am Mënscherechtshaus.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.