D'Regierung misst "kloerstellen", wat d'Roll vun de Gewerkschaften ass
En Dënschdeg de Moie waren d'Aarbechtsrecht an d'Rentendebatt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'CSV an d'DP wiere sech den Onmutt vun de Gewerkschaften "e bësselche siche gaangen", esou d'Paulette Lenert en Dënschdeg de Moien hei op RTL. D'LSAP-Vizefraktiounscheffin huet e "Manktem u Kommunikatioun" festgestallt, mee virun allem, datt d'Regierung d'Gewerkschaften net "op Aenhéicht" géing matschwätze loossen.
Wat d'Rentendebatt ugeet, oder nach besonnesch bei de Pläng fir d'Kollektivverträg ze reforméieren. D'Regierung misst elo "kloerstellen", ewéi eng Roll d'Gewerkschafte bei de Kollektivverträg nach wäerte spillen. De Premier Luc Frieden an den Aarbechtsminister Georges Mischo wieren zwar zeréckgeruddert an hätten de Gewerkschaften d'Exklusivrecht fir Kollektivverträg an de Betriber z’ënnerschreiwen garantéiert. Mee d'LSAP-Vizefraktiounscheffin huet drop higewisen, datt d'Regierung awer wëll un den Inhalt vun dëse Verträg goen.
Den OGBL an LCGB wieren an hirer Roll, wa se d'Regierung - ewéi op den 1. Mee-Feieren - weider schaarf kritiséiert hunn, och wann de Luc Frieden an de Georges Mischo op béide Feiere present waren. D'Paulette Lenert sot, d'Gewerkschafte wieren do, fir eng staark Stëmm ze sinn, fir d'Rechter vun de schaffende Leit. "Iwwert den Toun kann een ëmmer diskutéieren", mee och perséinlech Attacken oder Kriticke géint e Kompromëss misst een och kënnen an hiren Aen aushalen.
D'LSAP, déi tëscht 2013 an 2023 den Aarbechtsministère hat, wier op jiddwer Fall net un de Contenu vun de Kollektivverträg gaangen. Fir datt et méi esou Verträg gëtt, géing d'Oppositiounspartei ëmgedréint se ënnerstëtzen. Gutt Aarbechtskonditioune gehéieren zur Attraktivitéit vum Standuert. Si huet den Horeca-Secteur als Beispill genannt, wou de Kollektivvertrag ënner anerem erlaabt, datt keng Sonndesstonne bezuelt ginn, mee et u Personal feelt. Si ass iwwerzeegt, datt wann een d'Patronen a Gewerkschaften un den Dësch bréngt, ee Léisunge fanne kéint.
Auslännerwalrecht misst een nees ugoen
De "Wording" wier "e bësse graff", esou d'Paulette Lenert och iwwert dem LCGB President Patrick Dury säi Begrëff vu "sozial Apartheid". Um Fong huet si him awer Recht ginn, datt d’CSV an DP d’Beschäftegter am Privatsecteur anescht géinge behandelen ewéi déi an der Fonction publique.
An deem Zesummenhang huet d’LSAP-Vizefraktiounscheffin och deklaréiert, hir Partei wier der Meenung, datt ee weider d’Fro vum Auslännerwalrecht misst "ugoen". D’Walgesetz hätt méi ewéi een Demokratiedefizit. "Net ouni Referendum", esou d'Paulette Lenert, déi awer och d'Iddi vun "Tëschenetappen" genannt huet. Et kéinte méi Gremie geschaaft ginn, wou een den Net-Wieler eng Stëmm géing ginn an héiere géing, wat hir Meenung wier.
De Logement, Wuerzel vu ville Problemer
De Logement wier "d'Wuerzel" vu ville Problemer, esou d'Paulette Lenert weider. Jidderee wier sech eens, datt een "dee Wuesstem, dee mer haten, an där Hisiicht net virausschauend genuch opgefaangen huet andeems een déi néideg Investissementer gemaach huet." Et géing ëmmer méi Aarmut ginn, och schaffend Leit déi aarm sinn, wéinst dem deiere Logement.
D'Paulette Lenert sot awer och et wier "richteg", datt de Staat an d'Gemengen am meeschten d'Offer u Wunnenge kënne steieren. Et bräicht een en "Ëmdenken" an eng "Offensiv", fir iwwert déi ëffentlech Bauträger méi ze bauen. Nei Weeër wiere gebraucht, ewéi Kaderreegele fir Cooperativen oder e staatleche Fong, wou d'Residente kéinten dran investéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.