Et feelt u Vertrauen am Immobiliesecteur
En Donneschdeg de Moie waren d'Architekten an Ingenieuren Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den OAI, den Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils, feiert dëst Joer 35. Gebuertsdag an dofir war en Donneschdeg de Moien den Direkter Pierre Hurt eisen Invité vun der Redaktioun. Den OAI gouf 1990 gegrënnt, fir béid Beruffskategorië beieneen ze bréngen an no bausse mat enger Stëmm ze schwätzen. Wien zu Lëtzebuerg als Architekt oder Ingenieur wëll exerzéieren, dee muss beim OAI agedroe sinn an och eng gewëss Deontologie an Onofhängegkeet respektéieren.
Méi séier an einfach bauen: dofir brauch et manner Prozeduren
Dem Immobiliesecteur geet et net gutt, dat géing stëmmen. Haaptproblem wier e Manktem u Vertrauen. Mir mussen un e puer Stell-Schrauwen dréien, datt d’Confiance erëmkënnt, sou de Pierre Hurt. Natierlech wier een do ofhängeg vu verschiddenen externe Variabelen. Mä notamment d’Prête géinge jo elo e bëssi méi bëlleg ginn. Donieft misst een einfach prinzipiell d’Fro stellen, wéi mer bauen, wat mer bauen, an ob wierklech all Reegel néideg ass. An Däitschland hätt een dofir de sougenannte "Gebäudetyp E". Méi einfach a méi séier bauen an trotzdeem qualitativ. Do misst een och sech Froe stellen iwwer d’Densitéit, mat där gebaut gëtt. Et wier wichteg, do de Bierger mat anzebannen. Densitéit do ze schafen, wou et Sënn mécht, wou den ëffentlechen Transport gutt ass.
Et feelt un abordabelem Wunnraum
Den anere Problem wier, dass et u Logement abordable feelt. Den Direkter vum OAI verlaangt, dass de grousse Coup muss gemaach ginn am abordabele Wunnraum. Kaum nach Leit, mä grad déi Jonk, déi grad ugefaangen hu mat schaffen a sech wëllen néierloossen, kéinte sech nach eppes leeschten. Do misst een och däitlech méi op alternativ Wunnforme setzen, wéi Tiny Houses, Co-Locatiounen a Co-Proprietéiten. Mä natierlech missten do och d’Bauhären an d’Gemenge gewëllt sinn, fir dat zouzeloossen. Op alle Fall géing et am OAI net un Know-how feelen, fir esou Wunnformen ze realiséieren. Nieft den alternative Wunnforme bräicht et awer virop eng Tripartite aus Staat, Gemengen a Privatsecteur, déi massiv an de Logement abordable investéieren.
Ganz allgemeng versicht den OAI d’Architektur méi no un d’Leit ze bréngen. Haut ass an dem Sënn och eng grouss europäesch Konferenz hei um Kierchbierg. Donieft ginn et Aktioune wéi de Bauhärepräis, wou d’Bauhären am Mëttelpunkt stinn, erkläert de Pierre Hurt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.