E Mëttwoch de Moie waren d'Pensiounen, d'Aarbechtsrecht an de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Am grousse Ganze feelt et un der fundamentaler Reform, déi mir eis erhofft haten, esou jugéiert de Michel Reckinger d’Annoncë vum Premier Luc Frieden am État de la Nation iwwer d’Pensiounsreform.
 
Den UEL-President seet, et géif largement net duergoen, fir just progressiv d’Cotisatiounsjoren ze héijen. Et kéint ee keng Rentereform maachen, ouni iergendengem eppes ewechzehuelen. Sue vun enger Steier huelen, domat géif ee 15 Joer méi wäit kommen, mä eng Reform wär dat net.
 
"Jidderengem eppes ewechhuelen", wär méi gerecht bei de Pensiounen
 
D’Regierung huet jo ëmmer betount, datt déi aktuell Pensionären an déi, déi kuerz virun der Pensioun stinn, näischt verléieren. De Patronatsvertrieder huet kloer eng aner Vue. "Ech géif jidderengem e bëssen eppes ewechhuelen, fir datt et dono gerecht ass", esou de Michel Reckinger, wann ee vu Generatiounegerechtegkeet wéilt schwätzen.

Gewerkschafte blockéiere Sozialdialog
 
Wat de Sozialdialog ugeet, hätt de Premier probéiert, deen nees unzedreiwen. D’Gewerkschafte géifen dat net unerkennen an hätte rout Linnen. Domat hätt den Dialog keng Chance. E géif bannent den Entreprisë funktionéieren, op nationalem Niveau awer net. 
 
Déi lescht 20 Joer hätt een ëmmer Kompromësser fonnt. Déi wären ënnert Ministere mat OGBL-Memberskaart éischter an hirem Sënn gewiescht an d’Patronat hätt missen d’Zänn zesummebäissen. Lo wär et e bëssen anescht an d’Syndikater géife blockéieren.
 
Logement: Mir brauchen Investisseuren
 
Déi gesamtwirtschaftlech Situatioun vum Land wier nach ëmmer net gutt, ënnersträicht de Michel Reckinger. Et géif een nach ëmmer der Produktivitéit hannendru lafen. Jo, am Logement hätt een déi negativ Tendenz gestoppt, mä méi déif kéint een net falen. Et géifen net genuch Wunnenge gebaut a verkaf ginn. Déi feelen um Wunnengsmarché. De Michel Reckinger mengt, datt d’Regierung den Investisseure misst Ouverturë maache mat fiskale Mesuren. En Investisseur, dee keeft, fir ze verlounen, wär politesch schlecht ugesinn. Mä de Marché bräicht deen, esou den UEL-President.

Invité vun der Redaktioun: Michel Reckinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.