E Méindeg de Moie war d'Defense Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Datum vun 2030 war net méi dran a mir wollten net isoléiert do stoen, seet d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes. Si confirméiert, datt Lëtzebuerg bei den NATO-Depensen ënner Drock geroden ass.

Am État de la Nation gouf jo annoncéiert, d'Ausgaben nach dëst Joer op 2 Prozent vum Revenu National Brut erop ze fueren. Dat sinn am ganze ronn 1,18 Milliarden Euro, also ronn 312 Milliounen Euro un zousätzlechem Effort.

Engersäits hätt et natierlech Drock vun den Amerikaner ginn, mee net just. Och d’Länner am Oste vun Europa, un der Grenz mat Russland, hätten Drock gemaach, fir dass all d’Memberen déi 2 Prozent Contributioun sou séier wéi méiglech erreechen.

"Dofir hunn och mir decidéiert, fir net isoléiert do ze stoen, a fir eis och net do ze desolidariséieren, fir elo och virun Enn des Joers, dëst Joer als op 2 Prozent ze kommen." 

Bannent der NATO sinn och ëmmer nees Fuerderungen, d’Contributioun op 5 Prozent ze hiewen. Dat géing awer schwiereg ginn, sou déi liberal Ministesch. Doriwwer wäert um NATO-Sommet zu Den Haag am Juli tranchéiert ginn. Si hätt och ëmmer nees plädéiert, dass net de Pourcentage soll gekuckt ginn, mee wéi eng Capacitéiten all Memberstaat huet a wat gebraucht gëtt fir sech ze verdeedegen. 

Investissementer mat Retour op Lëtzebuerg 

D’Regierung hätt sech e puer Krittäre ginn, fir ze decidéieren, wouran d’Suen an Zukunft gestach ginn. Éischtens misst et Sënn maache fir d’Lëtzebuerger Verdeedegung. Zweetens dierft et net ze vill Ressources humaines kaschten, dat wier onrealistesch. Drëttens bräicht et ee Retour économique op eist Land.

Et goufe schonn eng ganz Projeten identifizéiert, wéi de GovSat-2, wou scho méi laang drop geschafft gëtt. Donieft wéilt een an d’Recherche an an den Developpement investéieren. Stéchwuert: "Dual use", dat heescht Projeten, déi fir Militär, ma och fir zivil Zwecker kënne gebraucht ginn. Do hätt Luxinnovation iwwer 100 Entreprisen identifizéiert. D’Ukrain soll weider ënnerstëtzt ginn an donieft soll och a Ministèren an Administratiounen investéiert ginn, déi zu eiser Widderstandsfäegkeet bäidroen. 

Waffe made in Luxembourg

Waffe "made in Luxembourg" hu mer aktuell keng. D’Lëtzebuerger Gesetzgebung géing dat net zouloossen, erkläert d’Yuriko Backes. Mee och dat wier een derbäi z’iwwerdenken. Et wier een derbäi, interministeriell eng Defensestrategie auszeschaffen an och d’Waffegesetz soll iwwerduecht ginn.

Zu Lëtzebuerg ginn zanter kuerzem och Drone produzéiert. Dat wiere keng Kampf-Dronen, mee si wieren an der Intelligence an an der Surveillance ënnerwee. Wann dës an d’Ukrain geliwwert ginn, kéinte se natierlech och mat Waffen equipéiert ginn, erkläert d’Ministesch fir Defense.

Fir d’Lëtzebuerger Arméi ass iwwregens déi nächst Méint näischt vun de Suen do virgesinn. Dat wier eigentlech een Exercice en continu. Do hätt ee jo via Gesetzesprojeten an d’Infrastrukturen investéiert. Notamment de Schéissstand Bleesdall, de Munitiounsdepot um Waldhaff an et misst nach weider an de binationale Batailloun mat der Belsch investéiert ginn, zum Beispill zu Suessem, fir d'Maintenance vun eise Militärgefierer, erkläert d'Ministesch.

Ass d’Rüstungsspiral eng Gefor fir sozial a Klima-Projeten? 

Riskéieren duerch déi Rüstungsspiral an déi vill Suen, déi an d’Defense investéiert ginn, net aner Projeten a Beräicher Soziales, Klima oder an hirem anere Ressort vun der Egalitéit op der Streck ze bleiwen? Dozou sot d’Ministesch, dass Lëtzebuerg en vue vun der geopolitescher Situatioun elo misst solidaresch  sinn. Et misst ee sech kënnen national, ma och kollektiv verdeedegen, ma et wier och wichteg, dass déi Suen zeréck an d'Lëtzebuerger Ekonomie fléissen. Dat géing Steieren an d'Keess bréngen an domat kéinten da Projeten aus anere Beräicher finanzéiert ginn, sou d’Yuriko Backes.

Invité vun der Redaktioun: Yuriko Backes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.