En Dënschdeg de Moie waren d'Defien am Spidolswiesen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir spieren eis bei den ambulanten Antennen ausgebremst. IRM, Scanner, Röntgen stinn zanter Méint op der Cloche d'Or prett, mee mir kënne se net benotzen. Dat seet den Dr. Marc Berna. De Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman (HRS) war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Schold sinn d'Forfait-Verhandlunge mat der CNS, déi schwiereg wieren an déi schonn 2 Joer géingen daueren.

An der Moyenne waart een zu Lëtzebuerg 20 bis 40 Deeg fir an engem IRM bäizekommen. Dat läit engersäits dorun, dass d’Bevëlkerung ëmmer weider wiisst an donieft och ëmmer méi al gëtt. Doduerch ginn d’Besoinen an d’Luucht, awer d’Capacitéite steige just ganz lues. Dofir hätt d’Fondatioun des Hôpitaux Robert Schuman eng ganz Antenn fir Radiologie fäerdeg equipéiert a ganz geschwë soll och nach e Mammograph dobäikommen. D’Fondatioun wëll eng Verbesserung vum System erbäiféieren a wier net op Profit aus. Dat dierft se als Fondatioun och guer net, erkläert den Dr. Marc Berna.

Natierlech wier et och eng excellent Iddi, wann de ganze System vun der Imagerie médicale landeswäit zentraliséiert wier, mee punkto Digitaliséierung am Gesondheetssecteur wier een hei am Land net ganz wäit. Dat wier technesch och ganz usprochsvoll. Eleng an den HRS géing een 180.000 esou Ënnersichungen d’Joer maachen. Aktuell muss ee jo eenzel Spideeler uruffen, fir erauszefannen, wou een am séierste bäikënnt fir eng Röntgen, e Scan oder een IRM gemaach ze kréien. 
 
Rendez-vous bei engem Spezialist ze kréien, gëtt ëmmer méi schwéier
Vill Patienten hu sech an de leschte Méint driwwer opgereegt, dass se keng Rendez-vouse bei Spezialiste kréien. Dat läit engersäits dorun, dass et der einfach net genuch hei am Land gëtt an dass déi, déi do sinn, net gutt genuch mat de Generaliste vernetzt sinn. Et misst een en Ekosystem schafen, deen et erlaabt, déi noutwenneg Spezialisatiounen an d’Land ze zéien an dat wier keng Fro vu Remuneratioun, seet den Dr. Berna. Gréisste Problem wier, dass déi jonk Generatiounen Angscht virun der Selbstännegkeet hätten an dat misst een änneren an eventuell ee méi sécurisante Kader schafen. Dat net nëmmen am Spidol, mee och ausserhalb. 
 
Negativspiral beim Fleegepersonal briechen: neie Pilotprojet 
Och beim Fleegepersonal wier ee punkto Aarbechtsbelaaschtung an enger Negativspiral dran. Dat wier net just eng Behaaptung, mee dat géing een an den Hôpitaux Robert Schuman och moossen.

Dass et eng méi grouss Aarbechtsbelaaschtung gëtt, géing sech an der Zuel vun den Iwwerstonne weisen, mee och beim Absenteismus, deen an d’Luucht geet. Also ëmmer méi Leit, déi krank sinn an net schaffe kommen. Dat féiert dozou, dass dann déi aner Leit méi schaffe mussen an dat ganzt wier einfach en negativen Image fir de Secteur.

De Beruff misst also méi attraktiv ginn. D'Infirmièren an Infirmiere misste virun allem administrativ Tâchen ewechgeholl kréien a méi Zäit um Bett vum Patient verbréngen. Genee dofir lancéieren d’HRS elo e Pilotprojet, wou déi sougenannte "Patient Face Time" also déi direkt Interaktiounszäit mam Patient, soll gesteigert ginn. Wärend 18 Méint ginn am Spidol 20 Vollzäitbeschäftegten zur Verfügung gestallt, fir ronderëm verschidden Infirmieren a Servicer, déi identifizéiert goufen, iwwer 40 Tâchen ofzehuelen an domadder 136 Stonnen d’Woch Aarbecht vun den Infirmièren an Infirmieren. Duerno sollen d’Effekter op d’Mataarbechter, awer och d’Effekter op de Patient an déi finanziell Konsequenzen dovu gemooss ginn. Aktuell geet een dovunner aus, dass wann d’Leit ënner bessere Bedéngunge kënne schaffen, dass se besser kënne soignéiert ginn an zum Beispill manner Chutten a manner Escarren entstinn.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Marc Berna

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.